Als Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l. freet et mech, dass mir och dëst Joer um Schlassfest zu Kolpesch Deel huelen. Et ass schonn déi 5.te Kéier wou ons Memberen zu Kolpesch derbäi sinn.Eng 30 Memberen stellen hir selwer gemaachte Saachen aus a bidden déi zum Verkaf un.Dir fannt bei onse Memberen: Likören, Holzaarbechten, Keramik, Biller, gebitzte Saache wéi e.a. Textilposchen, Kannerkleeder Dëschsetten,asw Schmuck, Kaarten, Konscht aus Bicher, Quilling , Deko aus Beton, Glaskonscht a vill Deko-Artikelen.De Verwaltungsrot vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg seet dem Comité Schlassfest Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht. Merci awer och onse Memberen déi um Schlassfest mat derbäi sinn. Weider Informatiounen iwwer Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl kritt Dir op www.hobbykl.lu oder per Mail op info@hobbykl.luMir freeën ons iwwer Äre Besuch a wënschen e flotten Dag zu Kolpech.Am Numm vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l.Eliane LothritzPresidentin
Programm
Exklusive Anzeigen aus der Printausgabe Spill a Spass fir déi ganz Famill de ganzen Dag ab 10.00
Grousse Maart vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg
Tombola, Bazar, Concert, Bichermaart a Floumaart
Spiller fir Kanner (Guiden a Scouten vu Groussbus)
Visites guidées vum Park em 14.00 Auer an 16.00 Auer
11.30 Concert Apéritif vun den Juegdbléiser
14.00 bis 17.00 Concert mam „De Spillmann“
Iesse vum Grill, Fritten, Eisenkuchen, Zockerwäffelcher, Kuch a Kaffi
Menü „Feierstengszalot mat gebootschte Gromperen“ 15Euro, just mat Unmeldung bis den 10. September um Telefon 691 640 689 Wanderscheid
Exklusive Anzeigen aus der Printausgabe {"mazout-hoscheid-michel-s-a-1079486":{"id":384239},"la-provencale-1079487":{"id":384240},"raiffeisen-1079488":{"id":384241},"-1079499":{"id":384242}}