Advertorial

2. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer

Nom grousse Succès vun 2022 sinn ech frou an houfreg als President vum Hobby-Nuetsmaart soen ze kënnen, dass et e Samschdeg, de 5. August nees sou wäit ass. An de Stroosse vun EschSauer gëtt deen Dag den 2. Hobby-Nuetsmaart vu 16:00 bis 23:00 ofgehal.

Am ganzen Duerf fannt dir Hobby-Stänn, déi qualitativ flott, ausgefalen an selwer gemaachen Objeten ubidden. Dëst ass enger gudder Zesummenaarbecht mat Hobbykënschtler Letzebuerg asbl ze verdanken.

Um 23 Auer suerge Spirit of the Highlands Pipes and Drums fir een onvergiesslechen Ofschloss. E weideren Highlight ass och déi beliichte Bréck aus dem Joer 1787 am Duerfkär vun EschSauer, wou dir eng Video-mapping Projectioun bewonnere kënnt.

Ech wënschen den Hobbykënschtler an de Veräiner ee gelongene Maart an de Visiteuren e puerflotter Stonnen zu Esch-Sauer. Ee grousse Merci geet och un all d’Membere vum Comité fir déi vill Stonnen, wou mir zesumme souzen a geplangt hunn.

Ronald Streumer,
President vun der Hobby-Nuetsmaart asbl