Advertorial

De 5. August: Alles op Esch-Sauer op den 2. Hobby-Nuetsmaart

Dëst Joer ass an de Stroosen vun Esch-Sauer vu 16.00 bis 23.00 den 2.Hobby-Nuetsmaart, organiséiert vum Comité Hobby-Nuetsmaart asbl an der Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl.

Op méi wéi 80 Hobbystänn bidde Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, hir Artikelen aus eegener Produktioun un an op zwou Plazen am Duerf ass eng Foto-Expo. (an der Kiirchestrooss an an der Galerie Photostuff)

An de schmuele Gaasse vun Esch-Sauer ass eng Foodstreet.

Och déi musikalesch Animatioun kënnt net ze kuerz: d'Lisa Mariotto, den Duo musical Gans´Anders, den Orchester Misch & Jean-Paul, Alphornissimo an den DJ Andy suergen op verschiddene Plaze fir Stëmmung. De Pascal zitt mat senger Dréiuergel duerch d'Strossen, den Nico mam Akkordeon a fir déi kleng ass de Luciano mat senge Ballonen ennerwee an d'Tania mécht Facepainting.

Ëm 23 Auer maachen d'Hobbykënschtler hir Stänn zou an dann trieden Spirit of the Highlands Pipes and Drums beim Tunnel op.

Während dem ganzen Hobby-Nuetsmaart suerge lokal Veräiner a Veräiner aus den Nopeschgemenge fir den Honger an den Duuscht.

De Comité Hobby-Nuetsmaart asbl an Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl freeë sech iwwer Aere Besuch um 2.Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer.


Nom Erfolleg vun 2022, elo déi 2.Editioun vum zu Hobbynuetsmaart Esch Sauer

Als Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l freet et mech, dass mir elo - no deem groussen Erfolleg vun 2022 - de 5.8. déi 2.Editioun vum Hobbynúetsmaart hunn.

Och dëst Joer suerge mir duerfir, dass et en héichwäertegen Hobbynuetsmaart gëtt wou nëmme selwergemaache Saachen ugebuede ginn.

Ganz vill Aussteller, déi schonns 2022 derbäi waren, hunn sech direkt ugemellt fir och.2023 derbäi ze sinn.

De Succès vun 2022 hat sech schnell verbreet a mir hunn nach méi Ufroe kritt.

Dëst Joer fänke mir och eng Stonn éischter un, dat heescht vu 16 Auer un sinn onse Memberen hir Stänn fäerdeg an de Visiteur gëtt bestëmmt net enttäuscht an der „Hobbystreet“.

Ech sinn dervun iwwerzeegt, dass, - duerch dat gutt Zesummeschaffen am Comité Hobby-Nuetsmaart an dank de Sponsorenoch déi 2.Editioun vum Hobbynuetsmaart zu Esch Sauer en Erfolleg gëtt.

Bleift mir nach just fir all onsen Aussteller a Veräiner vill Succès an de Visiteuren e flotten Openthalt zu Esch Sauer ze wënschen.

Eliane Lothritz
Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l

Programm

An de Stroosse vum Duerf: 16.00 bis 23.00 Auer Hobbymaart (mat iwwer 80 Aussteller) vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl

17.00 Auer: Offiziell Ouverture

Foodstreet

De ganzen Owend: Foto Expo: Pop-Up Galerie an der Entrée vum Duerf (Kierchestrooss) an an der Galerie vun der Photostuff uewen am historeschen Deel (Entrée iwwert d'rue de la poste).

Stroossenanimatioun tëschent 17.00 an 22.00 Auer:
den Nico mat sengem Akkordeon - de Pascal mat senger Dréiuergel Ballonage mam Luciano - Alphornissimo - Facepainting mam Tania

Place „Am Kiirchepesch“
Vu 16.30 bis 18.30 Orchestre Misch & Jean-Paul
Vun 19.00 bis 23.00 Auer (mat Ënnerbriechung) d'Lisa Mariotto

An der „Rue du Pont“
Vu 17.00 bis 23.00 Auer: den DJ Andy

Op der „Place des Jardins“
Vun 18.00 bis 23.00 Auer: den Duo musical Gans'Anders

Beim Tunnel an op der Place des Jardins
Vun 23.00 bis 24.00 Auer: Spirit of the Highlands Pipes and Drums

De läschte Patt gëtt et um 00.30 Auer

Gratis Busnavetten:
Linn 1: Esch-sur-Sûre/Eschduerf/Biergcourse/Esch-sur-Sûre  
Linn 2: Esch-sur-Sûre/ Insenborn/Lultzhausen/ Barrage/ Esch-sur-Sûre
Linn 3: Esch-sur-Sûre/ Büderscheid/Esch-sur-Sûre
Den RGTR, also den ëffentlechen Transport, funktionéiert wéi ëmmer.

Entrée: 3 Euro / Kanner gratis

Fir Iessen a Gedrénks suergen d'Veräiner