Advertorial

Huncherenger Kiermes: Do wou mir Kiermes feieren

Hämmelsmarsch, Kiermesconcert, Oldtimertrakteren, Kiermesmenü a villes méi...

Den Tessera Tuba-Quartett
Den Tessera Tuba-Quartett

Den 13. August ass et nees esou wäit! Da gëtt de Parking am Duerfkär zu Huncher eng erëm zur Kiermesplaz, Buden an Zelter ginn opgericht an d'Equipe vun der Huncherenger Musek ass prett fir iech ze empfänken.

Schonns Samschdes den 12. August gëtt d'Kiermes mam traditionellen Hämmelsmarsch agelaut, deen d'Musikanten ab 17h00 den Huncherenger Awunner spille ginn.

Op Kiermessonndeg, ab 10 Auer, treffen sech d'Oldtimertrakteren op der Plaz fir duerno e flotten Tour iwwer Feld a Gewan ze maachen. Nom Tour sinn d'Trakter en da ronderëm d'Plaz ausgestallt.

Traditionell maachen d'Gehaansbléiser de musikaleschen Optakt mat engem flotte Concert Apero. Um Kiermesmenü steet och dest Joer nees en ½ Poulet mat Gromperen an Zalot fir 16€ oder eng Héiss mat Gromperen an Zalot fir 19€. Reservéiere kann een de Menü bis spéitstens de 7. August um 691 530 762 oder per mail un fanfare@fanfare.lu

De ganzen Dag iwwer ass beschtens fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Als Digestif proposéiere mir eng Kiermesdrepp, déi et och als Serie limitée ze kafe gëtt. An onser Tombola kënn dir flott Präisser gewannen a beim Hamespill matmaachen.

Um 15h00 ass dann déi traditionell Päerdsan Trakterseenung. Hei defiléieren nach eemol Päerd, Kutschen an Oldtimertraktere virun der Kierch. Och all aner historesch Gefierer sinn häerzlech wëllkomm. Duerno, um 16h00 geet et da musikalesch weider mat dem „Tessera Tuba Quartett“.

Fir de richtege Kiermesfeeling däerfen awer d'Kiermesbuden net feelen. Grouss a Kleng kenne sech um Karussell oder beim „Hau den Lukas“ amuséieren.

Als Ofschloss vum Dag, um 18h00, freeën mir ons ganz besonnesch op e flotte Kiermesconcert mat dem Brassquintett ,,Alles Blech“.

Fir op d'Huncherenger Kiermes ze kommen kënn dir vun enger gratis Navette Gebrauch machen, déi ab de Gare vu Beetebuerg an Näerzeng, duerch d'ganz Gemeng bis op d'Kiermes fiirt. Zu Hunchereng steet awer och ee Parking zur Verfügung.

D'Huncherenger Musek ass awer net just fir d'Kiermes aktiv, ma bitt dat ganzt Joer iwwer e flotte Programm un. Besonnesch d'Jugendaarbecht läit eis um Häerz. Esou organiséiert d'Fanfare e Cours am Eveil musical fir Kanner ab 4 Joer, dëst all Samschde vun 17h00-18h00 zu Hunchereng an der Schoul. Hei kréien d'Kanner op spilleresch Manéier en éischte Kontakt mat der Musek. Duerno kënne si weider an d'Museksschoul goe fir en Instrument ze léieren, dat mir hinne gären zur Verfügung stellen. Mat desem Instrument spille si dann och an eisem Jugendorchester Jusik“, zesumme mat anere Kanner a Jugendlecher aus der Fanfare an der Beetebuerger Musek. Geprouft gëtt hei Mettwochs vun 18h30 bis 19h30 am KulTourhaus. D'Prouwe vun der Fanfare sinn uschléissend vun 19h3021h30, och am Musekssall vum KulTourhaus zu Hunchereng. Weider Informatioune fann dir op www.fanfare.lu

Mir freeën eis elo schonns, Iech bei eis op der Huncherenger Kiermes begréissen ze kënnen.