Advertorial

Haupeschmaart Munzen

Haupesch-Wochenende vom 5. bis 7. November 2021

No engem Joer Paus sënn mir immens frou dat mir dëst Joer rëm de Munzer Haupeschmaart kannen organiséieren, deen e ganzt besonnischt Fest va villen am Éislek ass. Et ass o ëmmer Zäit fir ee Réckbléck op d’Joer ze maan.Dëst Joer konnte mir richt am September eist ischt gruusst Fest organiséieren, d’Schofsfest om Cornelyshaff zu Hengischt. Dodurich, dat mir eis anner Fester wi den Ustermaart zu Cliärref oder den Dag vam Ardennerpäerd zu Munzen net konnten ënnert hierer tradioneller Form organiséieren han mir anner Weeërfonnt fir d’Regioun ze beliäwen.Hiking meets local food – eng Zesaamenarbischt mat de Restaurateuren aus der Gemeng Cliärref, dem Naturpark Our an dem ORT Éislek. Bei enger guidéierter Wanderung kréien d‘Lekt hei Informatiounen iwwert d‘Géigend am Naturpark Our matgedeelt a kannen sech zum Schluss bei engem gemeinsamen Eesse mat Lëtzebuerger Kascht austauschen.

Haupeschmaart Munzen-2

E wegdere gruusse Projet ass d’Rackésmillen zu Äischer. D’Renovatioun vam Standort ronderëm Millen, gouf Ënn 2020 an Agrëff geholl. Niäwend enger lokaler Gastronomie am Restaurant, stinn hei Zëmmere mat Better fir bis zu 4 Persounen zur Verfügung. Dëst ass o déi perfekt Iwwernaaschtungsméiglechkeet fir d’Wanderer, déi om Escapardenne Éislek Trail ënnerwee sënn. Mat der Ënnerstetzung vam Tourismusministär an der Gemeng Kiischpelt ass d’Eröffnung van dësem neie kulturellen an touristeschen Treffpunkt fir Mëtt 2022 geplangt. Niäwend dëse Projet’en han mir vill Energie doran gestasch, fir de Lekt Naturparkwäerter méi no ze bréngen.

De Weekend vam Haupeschmaart steet fir eng ganz typesch Ambiance an Éisleker Liäwensweis.

Ech hoffen dat vill Lekt sech aus ganz Lëtzebuerg an iwwert d’Grenzen eraus agesprach féillen a wënschen hinnen all ee schinge Weekend bei eis hei zu Munzen, an eise Maartlekt een erfollegräichen Handel.

Marie-Josée Jacobs,
Presidentin vam Tourist Center Clervaux asbl   

Haupeschmaart Munzen-3
Haupeschmaart Munzen-4

Nodeem s d’lest Joer den traditionnelle Munzer Haupeschmaart, wéinst wuelbekannte Grënn, musst ausgesat giänn, kënnen d’Lekt sech lo erëm op dësen Event freeën, dee mat voller Motivatioun an neier Energie organiséiert gouf. Den Tourist Center Cliärref, zesame mat ville lokale Veräiner, maache sech eng Freed draus eech op dëser 32. Editioun ze begréissen, déi natierliech ënnert den aktuelle Covid-Check-Moossname leeft.

De Munzer Haupeschmaart ass e flotte Brauch deen déi al handwerklich Beroufer rëm opliäwwe léisst, wou ronn 100 Aussteller hir regional Qualitéits- an Handwerksprodukter weisen an och zum Verkaf abéiden a wou Traditioun grouss geschriwwe gëtt. Grad dofir passt dëse Maart an d’Philosophie vam Cittaslow, ee Mouvement an deem sech Stiädd op internationalem Niveau zesamefanne fir sech op déi regional Traditiounen ze besënnen, dem hektischen Alldag ze entfléien a rëm an de Genoss van deem ze kommen wat dat direkt Ëmfeld ze béiden hatt. Och d’Gemeng Cliärref wëll Deel vam Cittaslow Mouvement giänn an hatt dofir seng Kandidatur scho gestallt.

An dësem Sënn wëll ech och op den 0-km-Teller opmiärriksam maachen, e Plat dee fir seng Zesamestellung ausschliesslech aus regional geziicht a vermaarte Produkter besteet an zudeem ee kulinarische Genoss ass.

Niäwwent dem Tourist Center Cliärref, deen als Haaptorganisateur van dëser Manifestatioun zeechent, gëllt et äwer o eise ville lokale Veräiner ee grousse Merci auszeschwätzen. Ouni si kinnt den Haupeschmaart net an där Form, wéi mer e kennen a gären hann, bestoen.

Schmaacht déi regional Spezialitéiten, entdeckt déi villfältig Offer a genéisst de Weekend vam 5. bis 7. November 2021 an engem agreabele Kader wou der léif Frënn a Bekannter, no sou langer Zäit, rëm begéinen duerft.

Emile EICHER
Buergermeester
Gemeng Cliärref