Advertorial

Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November

 

Ech wees net op et politesch korrekt ass, mee ech behapten mol dass eis Fraen & Mammen schon aal Huesen sinn wat d’Organisatioun vum traditionellen Haupeschmaart an de Stroossen vu Bäetrëff ugeet!Dëst Joer wärten rem eng partie mei Stänn mat lokalen, regionalen an awer och deels Künstler an Aussteller aus der Groussregioun fir die néidesch Villfältegkeet vum Maart suergen.Ee gudd gefëllten Animatiounsprogramm, an die grouss kulinaresch Offer am Food-Village, suergen dofir dass Grouss a Kleng en schéinen Dag an eisem Duerf verbrëngen kënnen. Ee neien groussen Parking am Centre Martbësch mat Shuttle brengt Iech och dest Joer ouni Stress bis virun d‘Entrée.

Haupeschmaart zu Bäertrëff

Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November-2

En festen Rendez-Vous um Haupeschfest ass awer och um Sonnden Moien um 10.45 Auer d‘Haupeschmass die all Joer vum S.I.T Berdorf an der Briechkaul – Amphitheater organiséiert gëtt. Dëss Mass gëtt traditionell vun den „Trompes de Chasse Saint Hubert“ muikalesch encadéiert an gehéiert zum Berdorfer Kulturpatrimoine. Offréiert gëtt no der Mass en Glüwain, eng Drëpp oder een warmen Choky.

Wéi all Joer wëll ech schon am Viraus dem Organisateur, de Fraen a Mammen, een dëcke Merci fir hiert Engagement ausschwetzen an der 17. Editioun vill Succès wënschen.

Joe Nilles,
Buergermeescher Gemeng Berdorf

Wëllkomm op eisem 17. Konschthandwierkermaart zu Berdorf

Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November-3

Léif Visiteuren,

De 5. a 6. November 2022 ass et erëm sou wäit: Zu Berdorf an de Stroossen, an de Scheieren, am a ronderëm de Centre Culturel feiere mir mat iech zesummen déi 17, Editioun vum Haupeschfest.

Eng 100 Konschthandwierker freeën sech schonn drop, fir iech hir Konscht an hiert Handwierk virzestellen. Ausserdeem hunn d’Veräiner aus dem Duerf sech am Foodvillage hannert dem Centre.

Culturel zesumme fonnt fir iech kulinaresch ze verwinnen. Am Haff vun der Kéiserei Schmalen fannt dir, wéi gewinnt erëm lokal Produkter fir ze schmaachen an ze kafen.

Am Centre Culturel selwer, niewent ville Konschthandwierkerstänn, waart d’Kaffisstuff mat hausmaacher Patisserie op iech, Hei fannt dir och erëm eis grouss Tombola.

Sonndes moies ass och erëm déi traditionell Haupeschmass an der Breechkaul am schéinen Hierschtbësch.

Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November-4
Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November-5
Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertrëff Samschdes a Sonndes den 5. a 6. November-6

Wärend dem ganze Joer hu fläisseg Hänn e puer dausend Entreesklamere gebastelt.

Alles ass also prett, a mir Fraen a Mamme freeën eis op äre Besuch.

Mir soen eiser Gemeng e grousse Merci fir hir wäertvoll Hëllef.

Mir alleguer hoffen iech bei beschtem Wieder zu Berdorf kennen ze begéinen.

Bis dohinner dann….

Léif Gréiss

Linda Hartmann,
Präsidentin Fraen a Mamme vu Berdorf

Haupeschfest 2022

Donateuren:
- Bijouterie Annick Mersch
- Glasbléiserei Pascale Seil
- Déiereklinik Mëllerdall Dr Schoos Sàrl
- Sungas
- Salon Contour
- Alves & Fries Agence principale Foyer
- Salon Diminutif, Echternach