Advertorial

Filmer, Bicher a villes méi

Kennt Dir schon d'Mediathéik vum Centre national de l‘audiovisuel?

Fotoen: Romain Girtgen, CNA

D'Mediathéik vum Centre national de l‘audiovisuel sammelt a valoriséiert Dokumenter ronderëm de Film, d’Fotographie an d’Musek a stellt se dem Public zur Verfügung. E besonneschen, awer net exklusiven, Fokus läit heibäi um lëtzebuergeschen audiovisuelle Patrimoine.        

Kultur

Filmer, Bicher a villes méi-2
Fotoen: Romain Girtgen, CNA

Wéi de Numm Mediathéik et scho seet, handelt et sech bei dësen „Dokumenter“ net nëmmen ëm bedréckte Pabeier. Nieft Bicher sinn dat DVDen, BluRays a CDen. Mir schwätzen hei vu knapp 23 400 Dokumenter! Dës kënnen hei gratis a vu jidderengem ausgeléint oder op der Plaz consultéiert ginn. Souguer ee Blu-Ray-Player ka gratis ausgeléint ginn! Dir hutt och d’Méiglechkeet, vun doheem aus bis zu fënnef DVDen oder Blu-Rays iwwert den online Katalog, www.a-z.lu, ze reservéieren a mat der Post geschéckt ze kréien.

Filmklassiker sinn an dëser Offer genausou vertrueden ewéi Hollywood Blockbuster oder experimentelle Kino, souwuel wéi Lëtzebuergergesch Lidder op CD oder Bicher iwwert d’Geschicht vun der Fotographie a Manueller fir selwer e Film ze dréinen. Net ze vergiessen: eng grouss Auswiel u Kannerfilmer – och Dokumentarfilmer fir Kanner – souwéi vill flott an interaktiv Bicher iwwer Film, Fotographie a Musek. Dobäi kënnt nach de Video-on-demand-Service, Kanopy, deen – dir hutt et bestëmmt schonn erroden – och gratis ass.

Weider Infos: cna.public.lu/fr/mediatheque.html
Facebook: facebook.com/mediatheque.ducna

D'Ekipp vun der Mediathéik beréid Iech gär!

Sidd Dir virwëtzeg ginn? Da kommt laanscht a fannt selwer eraus, wat d’Mediathéik vum CNA alles ze bidden huet!

Mediathéik vum Centre national de l‘audiovisuel
1b, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange
Tel.: 52 24 24 – 1
mediatheque@cna.etat.lu