Advertorial

D’Schlassfest vun der Croix Rouge zu Koulbich

No engem Joer Zwangspaus, an dat duerch Ëmstänn déi d’Pandemie mat sich bruecht huet, steet Koulbich erëm viru sengem traditionellen Schlassfest.Trotz deen ablécklichen Contrainten hunn d’Schlassfrënn keng Méi gescheit an hu mat vollem Elan e villsäitige Programm op d’Been gestallt fir, dass och des Kéier d’Schlassfest e volle Succès gëtt. Fir déi 38. Editioun ass den Datum verluecht ginn a fënnt no der wuelverdingter Summervakanz statt.D’Missioun vun der Croix Rouge ass, deenen Mënschen déi a Nout sinn ze hëllefen, fir dass se würdig an onafhängig kënne liewen. “Hëllefen vu Nout ass”, ass ee Motto vum Roude Kräiz an d’Schlassfest soll derzou bäidroen andeem den Erléis vum Dag eng kleng finanziell Ënnerstëtzung bréngt.De Covid 19 huet villes un de Liewensgewunnechten vun de Leit geännert, esou gutt am positiven wéi am negativen Sënn. De Wonsch sich ze begéinen an eppes an der Gemeinschaft ze ënnerhuelen, ass e fundamental Bedürfnis vun all Mënsch a dat verkierpert d’Haus Mayrisch zu Koulpich zënter dass d’Aline an den Emile Mayrisch do agezu sinn.Am Sënn vun deem Objektiv wënschen ech den Organisateuren, dass vill Leit, trotz CovidCheck de Wee op Koulbich an de schéine Schlasspark fannen, fir do zesummen en onvergiesslichen Dag ze verbréngen.Vu menger Säit e ganz grousse Merci a Respekt un all déi Leit, déi sech dat ganzt Joeriwwer benevole engagéieren, all Fräizäit opferen, fir anere Leit ze hëllefen an zur Säit ze stoen, an do ze sinn wann Hëllef gebraucht gëtt.Armand SchuhBuergermeeschter vun der Gemeng Ell

Aussteller

- Gilbert Barone: Likören a Siropen
- Anita Beckers-Weber: Made by Anita
- Alexia Boher: Bitzen
- Sabine Clause: Creativ'Sabine
- Valerie Doat: Molerei
- Eliane Even-Ries: Pärelebracelets an Topflappen
- Marc Fetler: Holzspillsaachen
- François Hanesch: Holzskulpturen, Holzschnitzereien
- Paul Junker: Drechselen, Holzspillsaachen
- Rut Junker: Textilposchen
- Gaston Kesseler: Bijoux
- Margo Kesseler-Vrehen: Naturseefen
- Marie Louise Kneip: Bijoux
- Margret Kraemer: Tiffany Glaskunst
- Vio Kremer-Mack: gebitzte Kierf a Poschen
- Eliane Lothritz: Konscht aus Bicher/Quilling
- Romain Meis: Stehluuchten
- Christelle Nicolay: Börky-Holzdeko
- Monique Poncelet: Créativ Dëschsetten by Monique
- Barbara Raquet-Eich: Hauptsach & Handliches
- Stéphanie Rittier: Steffshabby
- Véronique Schmit: Deko aus Beton
- Andrée Spranck-Rasqui: Häkeln
- Jessica Thornto: Bitzen fir all Ulass
- Hermine Treis: Patchwork und selbstgenähte Handarbeiten
- Sylvie Vorbrink: Lulles Konschtatelier
- Marie-Josée Weber: Kaarten
- Romy Werner: Gléckwonschkaarten

- Monique an Yvon Floschweiller: Kierf, Schalotten, Ënnen Knuewelëk a Gebees
- Thierry Garlemant: Koulbicher Uebst a Geméis
- Lokalsektioun Croix-Rouge

Esch/Alzette: Handarbechten
- Club Soroptimist Mosaïk: Schampesstand