Advertorial

Léif Frënn vum Roude Kräiz

Dat 39. Schlassfest zu Koulbich steet virun der Dier. Den Datum vum 10. Juli 2022 heescht sech ze reservéiren an dëst Evenement ass ëmmer e Besuch wäert an dësem schéinen Eck vu Lëtzebuerg. Wéi all Joer huet e ganz engagéierten Kommitee e flotte Programm virgesinn. Si suergen duerfir, dass d'Traditioun vum Schlassfest nach lang erhaale bleiwt, wou d'Leit aus der ganzer Géigend, jo esou guer aus dem ganze Land sech am Schlasspark begéinen.D'Perséinlichkeeten Aline an Emile Mayrisch sollen a mussen an dësem Kader ëmmer erëm am Mëttelpunkt stoen. Dëst Joer sinn et 75 Joer hier, dass d'Madamm Mayrisch äis verlooss huet. An hirer Biographie kann ee gesinn wéi sozial engagéiert d'Madamm Mayrisch war.Dëst Fest erméiglicht de Schlassfrënn, der Direktioun vum Roude Kräiz Lëtzebuerg all Joer e Scheck ze iwwerreechen, dee geduecht ass fir sozial Wierker finanziell ze ënnerstëtzen. No der Pandemie hu mer erëm vill Fräiheeten zeréckkritt, awer de Krich an der Ukrain mecht äis elo vill Suergen. Merci un d'Direktioun vum Centre de Réhabilitation fir hir Engagementer am Kader vun der Flüchtlingskris an der Ukrain, a fir eng weider gutt Zesummenaarbicht a wertvoll Ënnerstëtzung an d'Bereetschaft sech z'engagéiren fir dëst schéint Fest ëmmer ërem ze widderhuelen.

Léif Frënn vum Roude Kräiz-2
Léif Frënn vum Roude Kräiz-3
D’Schlassfrënn iwerreechen dem Här Luc Scheer vun der Coix-Rouge e Scheck iwer 12.000E

E grousse Merci un di lokal Sektioun vum Roude Kräiz mat hire ville Benevolen.

Merci un all déi Leit déi de Wee op Koulbich fannen fir dass dëst Fest e groussen Erfolleg gëtt.

Freed an Eenigkeet sollen dësen Dag verschéineren.

Armand Schuh
Buergermeeschter vun der Gemeng ELL