Anzeige

Liewensqualitéit a Sécherheet fir aktiv Senioren

Den ZithaModell mat senioregerechte Residencen huet sech bewäert

2016 huet déi éischt Residence an der Stad hier Dieren opgemaach; 16 Appartementer mat héichwäerteger Ausstattung a groussem Confort.D‘Résidence zu Péiteng ass 2018 fäerdeg ginn, mat méi klengen Appartementer awer därselwechter Service-Offer: Conciergerie, Catering, Entretien, Ménage, Accompagnement, Kinésithérapie an ambulant Fleeg bei Bedarf.

Senioreresidencen


Déi neiste Residence ass Ufank November 2021 zu Contern opgaangen, mat 24 Appartementer, déi no knapp engem Mount zu 80 Prozent verlount waren. An direkter Proximitéit zu de Seniorien, mat professionellem Encadrement, fannen d'Locatairen an den ZithaRésidences e neit Heem an engem gesécherten, einfach zougänglechen Ëmfeld, wou hier Intimitéit an der eegener Wunneng respektéiert ass, si awer gläichzäiteg kënnen op all Hëllef an Ënnerstëtzung zeréckgräifen, déi hausintern fir si prett ass.

Wëllt och Dir Äre Liewensowend an enger gemittlecher, sécherer, moderner Atmosphär verbréngen, woubäi Dir op Näischt verzichte musst, da mellt Iech ënner: Tel.: 40 144 2054 oder info@zitha.lu.

ZithaSenior
30, rue Ste Zithe, L-2763 Lëtzebuerg
Tel.: 40 144 2054
info@zitha.lu