Advertorial

40. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

De Kommitee vum Syndicat d'Initiative aus der Gemeng Jonglënster lued Iech häerzlech an

Et ass ërem eng Kéier un der Zäit: De Weekend virun eisem Nationalfeierdag fannen déi International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg statt. Esou hu Der och dëst Joer erëm d'Geleeënheet de 17. an 18. Juni bei d'Bierger Leit ze kommen a mat Frënn e puer gemittlech Stonnen zesummen ze verbréngen.

Eis Virgänger aus dem Kommitee vum Syndicat d'Initiative hate scho fréi d'Iddi, eng Aktivitéit an deem eemolege Kader vu Buerg-lenster ze organiséieren.

Esou koum et dann am Joer 1981 zur éischter Oplag vun eise Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Hate mer dat éischt Joer am Ganzen sechs Aussteller, si mer elo bei méi wéi 100 Konschthandwierker ukomm.

Wat am Ufank eng reng regional/lokal Ugeleeënheet war, huet sech am Laf vun der Zäit zu enger internationaler Manifestatioun entwéckelt. Aus engem Ëmkrees vun 1000 Kilometer, kommen d'Konschthandwierker bei eis op Buerglënster, wat wuel den Titel „International“ Konschthandwierker-Deeg rechtfäerdegt.

Am Laf vun de Joren huet eis Manifestatioun sech zu engem feste Bestanddeel am kulturelle Liewen vun eisem Land entwéckelt. Mir beméien eis, dass nëmmen haaptberufflech Konscht-handwierker hiert Kennen ënner Beweis stellen, mee mir ginn och enger klenger Zuel vun net professionellen Konschthandwierker, ënnert gewëssenen Konditiounen, eng Chance.

Wéi gewinnt, sinn déi ënnerschiddlechst Handwierker mat hiren Aarbechten vertrueden. Hei e puer erausgegraff:

Bijouen aus ënnerschiddleche Materialien, Buchbënnerei, Comic Keramik, Drockgrafik, Flecht-aarbechten, Gardendekoratioun, Gezei, Hitt, Holzveraarbechtung, Keramik, Kofferaarbechten, Konschtschmadd, Liederwueren, Menzschneiderei, Messer fabri-katioun, Miniaturen, Miwwelpolsterung, Pabeierveraarbechtung, Skulpturen aus ënnerschiddlechen Materialien, Stoffveraarbechtung, Teddybieren, a.s.w.

Eis Konschthandwierker kréien un d'Häerz geluecht, fir op der Platz ze schaffen, wat awer aus techneschen Grënn net ëmmer méiglech ass.

Ganz vill Konschthandwierker verbannen déi zwee Deeg, wou se bei eis sinn, mat engem touristeschen Openthalt, fir eis Ëmgéigend an d'Lëtzebuerger Land entweder kennen ze léieren oder emol erëm eng Kéier déi eng oder déi aner Platz ze besichen.

D'Stänn sinn dëst Joer erëm uechtert ganzt Duerf opgestallt, ronderëm der Place du Village, duerch Gonnerenger Gaass an d'Rue de la Forge erop, virun an am Schlass.

D'Lëtzebuerger Bicherfrenn hunn déi zwee Deeg och op, an zwar an der Pabeierscheier bei den Atelier'en vum Kulturministère (Service d'animation culturelle régionale Est).

Eis Duerfveräiner hëllefen eis bei der Ausféierung vun dëser Manifestatioun, sief et, datt se këmsech em d' Entrée's-Keesen meren, oder fir dat leiflecht Wuel vun eis all suergen. Dëst Joer maachen bei de Konschthandwierker-Deeg d'Allenster Duerffrënn, d'Amicale vum CIS Jonglënster, d'Chorale Ste Cécile Buerglënster-Amber, den DT Buerglënster, d'Fanfare Buerglënster an de Volleyball Amber-Lenster mat.

Wärend engem Spadséiergank iwwer d'Konschthandwierker-Deeg huet een d'Méiglechkeet, bei engem Stand vun eisen Duerfveräiner eng Paus ze maachen a sech ze stäerken, sief et e Patt ze huelen oder e Maufel z'iessen. Bei Geleeënheet vun eiser 40. Editioun hu mer eng Taass vum Grafikstudio Symbol entwerfe gelooss, déi Dir fir 15,00 Euro bei eis op de Konschthandwierker-Deeg kafen kënnt. Wennt Iech un den Info-Stand vum SIJ.

Esou, wéi gewinnt, hu mer déi zwee Deeg och erëm Stänn, wou eis Jugend sech kënschtleresch betätege kann. Sonndes am Nomëtteg ass „Spirit of the Highlands Pipes & Drums“ op Besuch.

Eisen Duerfleit an eise Geschäftsleit soe mer e grousse Merci fir d'Ennerstëtzung, déi mer vun hinne kréien.

Mir wëllen vun dëser Platz aus eise Gemengeverantwortlechen mat hire verschiddenen Gemengendëngschter Merci soen, fir déi Hellef, déi se eis entgéint bréngen, wa mer se brauchen. A loosse mer eise Kulturministère net vergiessen, deen eis de Beréng vum Schlass all Joer zur Verfügung stellt.

Mir kënnen Iech nach vill iwwert eis Konschthandwierker-Deeg erzielen, fir Iech awer selwer Ier Meenung ze maachen géife mer soen „Kommt einfach bei eis, dir sidd wellkomm“.

Weider Informatiounen iwwert eis an all eis Aktivitéiten: www.sijunglinster.lu

De Kommitee vum Syndicat d'Initiative aus der Gemeng Jonglënster