Advertorial

Simone Martiny

Simone Martiny, née le 31 octobre 1987, commence ses études de chant classique en octobre 2002 dans la classe du professeur Georges Backes au Conservatoire de la Ville de Luxembourg. Après avoir fini ses études secondaires en 2007, elle poursuit des études de littérature allemande et de musicologie à l'Université de Freiburg im Breisgau, puis à l'Université Humboldt à Berlin. Elle suit en même temps des cours de chant au «Songstudio Freiburg – Schule für Gesang und Theater» dans la classe du professeur Andrea Bögel.


En 2010, elle obtient son diplôme de «Bachelor of Arts», suivi en 2012 du diplôme de «Master of Arts». A partir de septembre 2013, elle fréquente les cours de chant classique dans la classe de Mariette Kemmer au Conservatoire de la Ville d'Esch-sur-Alzette où elle obtient en 2016 un Premier prix avec la mention «grande distinction ». Depuis novembre 2018, Simone Martiny suit des cours de chant dans la classe de Claudia Moulin au Conservatoire de la Ville d’Esch-sur-Alzette en vue de l’obtention du «Prix supérieur».

Bouneweger Musek: traditionelle Rendez-vous am Conservatoire

Simone Martiny-2

De Gala vun der Bouneweger Musek ass, wéi all Joer, ee vun de grousse Rendez-vouse vun der Lëtzebuerger Blosmusek. Dëst, well d’Bouneweger Musek esou wéi soss kaum e Veräin hei am Land fir iwweragend Leeschtung a Qualitéit bei hiren Optrëtter steet. Virtuositéit, Justesse, a Musikalitéit zéie sech duerch hir Concerten, an dat mat enger impressionanter Konstanz iwwert hir ganz Veräinsgeschicht.

Dat ënnersträicht de Veräin och mat sengem Concours-Palmarès, deen hei am Land sengesgläiche sicht. Éischt Präisser op all UGDA-Concours, déi gemaach gi sinn, zanter, dass d’Divisioun nationale agefouert gouf. Zwou Goldmedaile beim WMC zu Kerkrade, an nach vill aner Auszeechnungen am Ausland. Ëmmer nees stellt dës Musek hiren Engagement esou ënner Beweis.

D’UGDA ass houfreg op esou e Veräin, an dofir och houfreg, dass d’Bouneweger Musek dëse Concert ënnert de Patronage vun der UGDA wollt stellen.

Mir wënschen de Musikantinnen a Musikante vun der Bouneweger Musek, mat hirem Chef, dem Romain Kerschen, vill Erfolleg bei hirem Gala, an hirem Publikum vill Freed mat hirer Prestatioun!

Rob Köller
Generalsekretär vun der UGDA