Advertorial

Léif Frënn vum Helpermaart

Nicole Muller

Virun 35 Joer hunn e puer Idealisten eng Entente gegrënnt fir den Helpermaart, deen seng Originnen am Mëttelalter hat, erëm opliewen ze loossen.

Als Presidentin vun der Entente Helpermaart invitéieren ech Iech ganz häerzlech och dëst Joer Päischtsonndeg, den 28. Mee op Bëschdref ze kommen a mat eis e flotten Dag ze verbréngen.

Vun dëser Plaz aus well ech dem Comité, a virun allem eisem onermiddleche Sekretär, grousse Merci ausspriechen, fir déi vill Aarbecht déi an all deene Joere gemach gouf.

Och dëst Joer sinn nees vill fläisseg Hänn um Wierk fir Iech all eppes ze bidden, souwuel d'Veräiner wei och d'Maartleit warden drop fir Iech ze verwinnen.

E grousse Merci geet och un d'Gemeng Helperknapp déi eis och dëst Joer nees voll Ënnerstëtzung zoukomme léisst.

Ech hoffen Iech all um 10.00 Auer bei der Ouverture begréissen ze kënnen.

Nicole Muller Presidentin vun der Entente Helpermaart

Dat fann dir op eise Stänn:

• Holz, Glas, Keramik, Lieder, Aluminium, Kork, Seid, Plommen,
• Mineralien, Woll, Gips, Bronze, Koffer, Natursteen,
• Hee & Blummen, Textilien, Geméiss a Planzen
• Strécken, Bitzen, Heekelen, Drechseln, Molen, Recycling,
• Patchwork, Bastelen, Formen, Schleifen an Mosaik
• Dreppen & Likören, Mellech & Kéis, Gebees, Hunneg a Kamellen

Menu (salle "Scheier")

• Assiette campagnarde: jambon cru & cuit, roasbeef, gelée, pâté au riesling, pâté, fromage, salades
• Plat chaud: bouchée à la reine, riz et salades ou option végétarienne
• Bouchée de champignon et quorn, riz et salades

Service à partir de 12:00 heures

Réservation à partir de 11:00 heures en salle


Programm vum Dag

10:00 Grouss Ouverture vum Helpermaart a Präsenz vun den lokalen a regionalen Éiregäscht.

• Onerwarte Besuch suergt fir Theater 
• Begréissung vun der Presidentin a vum Vertrieder vun der Gemeng Helperknapp 
• Offiziell Ouverture vum Helpermaart 2023 
• Éirewäin offréiert vun der Entente

Op der Bühn vun der Frëndschaft
Non-Stop live Musek, Animatioun & Show
• Les Brasseurs
• Blue Stars
• Robert Messineo
• DJ Schluchties 

Animatioun fir Grouss a Kleng
• Sprangschlass
• lentefëschen
• Face Painting
• Kannerspillwiss

Iessen an Drénken
• Moiës-Kaffi vun 07 - 10 Auer (Schoulhaff))
• 3 verschidde Menüen am Sall (Reservatioun ab 11:00 op der Plaz)
• Flams aus dem ale Bakuewen
• Traditionell Spezialitéiten vum Grill
• Fritten
• Eisekuchen & Dessert
• Kaffi & Gebäck
• E gudde Patt am Zelt oder um Bar

Org.: Entente Helpermaart asbl