Advertorial

Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter zu MedernachSonndeg, de 4. September 2022

33 Joer ass et elo hier datt Probst'e Roby a seng deemoleg Equipe déi grouss Iddi hate fir zu Miedernach e Lëtzebuerger Weekend, a Form vun enger Ausstellung mat Produkter aus dem Ländchen, ze organiséieren. Si hunn deemools scho gemierkt dat et wichteg ass regional a lokal Liewensmëttel bekannt ze maachen.

Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter zu MedernachSonndeg, de 4. September 2022 -2
Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter zu MedernachSonndeg, de 4. September 2022 -3

Well beim Plangen déi sanitär Reegelen nach net gewosst waren ass dëse Lëtzebuerger Weekend nees op 1 Dag reduzéiert. Trotzdeem hu mer e ganz attraktivt Angebot vu Stänn.

Eise Maart ass wéi gewinnt zu Miedernach ronderëm d'Schoul, wou sech allerhand gedoen huet. Eis nei Gemeng ass fäerdeg an déi nei Sportshal a MaisonRelais gi fir d ‘Rentrée 2022 a Betrib geholl. Dëst bréngt mat sech datt mer vill méi Parkplazen zur Verfügung hunn.

Di lescht Méint a Joren hunn eis gewisen datt et net gutt ass wann all déi Saachen déi mir all Dag brauchen vu wäit ewech hierkommen. Duerfir ass et esou wichteg datt mer lokal a regional produzéieren a konsuméieren. Op eisem Maart fannt dir eng grouss Auswiel vu verschiddene Liewensmëttel déi hei am Land wuessen a verschafft ginn. Eis Aussteller si frou Iech op all är Froen betreffend hir Produkter ze äntweren.

Mir freeën eis op äre Besuch.

Am Numm vum Comité Pit Friederes President vum Syndicat d’Initiative et du Tourisme Aerenzdallgemeng

Aussteller 

Mëllerdaller Produzenten a.s.b.l.:
Roger Baulesch, Miedernach (Schoofsfleesch)
Biokéiserei Baltes, Stegen (Geesekéis)
Distillerie Miny, Nommern (Branntewaïn, Likören an Gin)
Fru-Tudorsgeeschter, Rosport (Wäin, Viz, Likören an Drëppen)
Les Liqueurs du Château, Beaufort (Cassero a Framboiselikör)
Metzlerei Wietor, Beaufort (Zoossisen, Hâm a Charcuterie)
Moulin J.P. Dieschbourg, Echternach (Kaffi a Miel)
Opyos Beverages, Keiwelbach (Spirituosen, Likören)

Eppelpress, Eppeldorf (Jus, Sirop, Gebeess, Balsamesseg, Hunneg)
Boucherie Hoffmann et fils, Medernach (Salaison)
Caves Duhr-Maddalon, Niederdonven (Wäiner a Crémant)
Chorale Ste Cecile, Medernach (Champes-Stand)
Mike Meyers, Neienshaff, Medernach (Gromperen (Annabelle, Nicola, Desirée, Agria, Belana an Victoria))
Apis Jungels, Brandenbourg (Beieprodukter a Wëllkarmehl)
Bäckerei vum Séi / Bäckerei Jos a Jean-Marie, Mertzig (Produits’en aus der Bäckerei, Eisekuchen)
Naturpark Oewersauer, Esch-sur-Sûre (Produkter vum Séi (Duch vum Séi, Téi vum Séi an Bléi vum Séi))
Ourdaller – Bauereninitiativ Eislek, Kalborn (Moschtert, Uelig, Wellkaar-Miel, Wellkaar-Nudelen, Kären, Hunneg)
Brasserie Nationale Bofferdéng, Bascharage (Béier vu Battin)
ULC Union Luxembourgeoise des Consommateurs, Luxembourg (Informatiounen fir de Konsumenten)
Tricentenaire Atelier protégé, Bissen (Schockela, Téi, Béier, Corbeillen, gebitzten Kierf)
CMCM Caisse médico complémentaire mutualiste, Luxembourg (Mutuelle Santé)
Mellis, Niederanven (Hunneg Produiten)
Déi gutt Drëps, Fischbach (Likören)
Hiewannepraxis Liewensbam, Eppeldorf (Nohalteg Produkter fir Mamm/Kand, selwer gebitzes/ Aromaueleger)
GreenFox, Knaphoscheid (Nohalteg Produiten ronderëm Familljeliewen)
Amicale vun den Menster Veräiner, Mensdorf (Menster Quetschekraut)
Fair Mëllech, Waldbillig (Joghurt, Schokki, Brie)
Hunneg aus dem Mëllerdall, Mëllerdall (Hunneg)
MeteoLux, Findel (Météoservice)
Luxroots, Hesperange (Ahnenforschung)
Molcours aus der Aerenzdallgemeng, Ermsdorf (Ausstellung vun Biller vun 4 Molerinnen vum Molcours aus der Aerenzdallgemeng)
Association multiculturelle, Medernach (Portugisesch Spezialitéiten)
An Dottësch, Weiler-la-Tour (Glace vun Geessemëllech)
Ginix, Luxembourg (GINIX, Lëtzebuerger Gin)
Lilienhaff, Berdorf (Kürbissen, Melounen, Zuchini, Hunneg, Branntewein)