Dëst Joer musse mer eist Fest ënnert de Covid-Check-Regelen ofhalen. Ouni gëltegen QR-Code gëtt op der Plaz e Schnelltest gemaach. Bréngt wa méiglech selwer e Schnelltest mat. Mir hunn och Tester op der Plaz, fir déi mer awer 2 Euro froen.
Am ofgegrenzte Gebitt vum Stroossemaart kënnt Dir Iech fräi beweegen a mat den Aussteller schwätzen an hier Produkter schmaachen a kafen.
Wéi soss fannt Dir och dëst Joer hei alles Guddes wat hei am Ländche gemaach gëtt, vum sëffege Lëtzebuerger Béier, iwwert den Hunneg bis bei eis gudd Ham. Och aus de Regiounen, wéi de Mëllerdall, der Our, der Musel a vu ronderëm de Stauséi gëtt et eng Hellewull flott an originell Wueren, déi mat vill Léift hiergestallt ginn.
Mir hunn och eng Terrasse nieft dem Grill an de Gedrénksstänn opgeriicht wou Dir eppes iessen oder drénke kënnt.
De Covid-Check begrenzt eise Maart vun 10.00 bis 18.00. Auer.
Den Entrée ass fräi.
Mir freeën eis op Äre Besuch an hoffen dat mer zesummen e schéinen Dag verbrénge kënnen.
Fir de Comité
Pit Friederes
AUSSTELLER
Mëllerdaller Produzenten a.s.b.l:
• Roger Baulesch, Miedernach
• Biokéiserei Baltes, Steeën
• Distillerie Miny, Noumer
• Äppelkescht, Bettenduerf
• Fru-Tudorsgeeschter, Rouspert
• Metzlerei Wietor, Befort
• Moulin J. P Dieschbourg, Eechternach
• Opyos Beverages, Keiwelbach
• Bistro & Buttik Berdorfer Eck, Bärdreff
• Eppelpress, Eppelduerf
Boucherie Hoffmann & Fils, Miedernach Caves Duhr – Anne Duhr-Maddalon, Nidderdonven
Chorale Ste Cécile, Miedernach
Mike Meyers, Neyenshaff, Miedernach
Apis Jungels, Branebuerg
Naturpark Oewersauer, Esch/Sauer
Baureninitiativ Eisleck & Naturpark
Ourdall (BEO), Kalborn
Brasserie Nationale, Käerjeng
Den Heischter, Heischend
Union luxembourgeoise des consommateurs, Lëtzebuerg
Tricentenaire, Biissen
Ginix, Lëtzebuerg
Caisse médico-complémentaire mutualiste, Lëtzebuerg
Boulangerie Jos & Jean-Marie, Mäertzeg Mellis, Lëtzebuerg
Déi gutt Drëpps, Fëschbech
ILTA-Institut luxembourgeois de thérapies alternatives, Iermsdrëf Erliefniswelt vGmbH, Iermsdrëf
Hiewannepraxis Liewensbam, Eppelduerf
GreenFox, Knaphouschend
Méi Info zu den Aussteller op www.medernach.info