Advertorial

Schlassfest 2023

D'Lokalsektioun Kolpech Schlassfest huet den 5. Mee bei eiser Generalversammlung dem Direkter vum Centre de Réhabilitation, dem Här Jean-Philippe Schmit e generéisen Scheck vun 10.000 Euro iwerreescht.

Et ass säit 1982, coronabeawer dengt déi 40. Kéier, Traditioun eng d'Schlassfest zu Koulbich am Schlasspark z'organiséieren, zesummen mat de Schlassfrënn an der Direktioun vu Croix-Rouge Lëtzebuerg.

Duerfir verdingen si mäin déiwe Respekt, meng Unerkennung a mäin opriichtige Merci fir hiert Engagement an deene ville Joeren.

Ee spezielle Merci geet och un all d'Autoritéiten, d'Entreprisen an d'Persounen déi d'Schlassfest finanziell, materiell oder moralisch kräftig ënnerstëtzt hunn.

Deeselwichte Respekt, Unerkennung a Merci geet och un all d'Benevollen déi een Deel vun hierer Fräizäit am Laf vun deene 40 Joer geaffert hunn.

Wann een iwwert d'Benevolle schwätzt, kéint een nit laanscht den Numm Aline Mayrisch, gebuere Marie Julie Aline de Saint-Hubert. Si koum op d'Welt zu Hollerich den 22. August 1874 an ass den 20.01.1947 zu Cabris gestuerwen. Den 1. Februar 1947 sinn d' Äschen vun deser aussergewéinlicher Persoun am Graf vun hirem Mann am Koulbicher Schlasspark bäigesat ginn. Si war bestuet mam Industriellen Emil Mayrisch, spéidere Generaldirekter vun den Arbed Wierker. D'Koppel hat 2 Kanner. Hiert éischt Kand war de Jong Jean, deen 2 Deeg no senger Gebuert gestuerwen ass an hiert Meedchen d'Andrée (genannt Schnoucky) dat 1976 verscheed ass. Den Emil Mayrisch ass 1928 an engem Autosakzident bei Châlons-sur-Marne haut Châlons-en-Champagne déidlich verongleckt.

D'Madamm Aline Mayrisch huet d'Kulturan d'Sozialgeschicht zu Letzebuerg geprägt. Si huet sech speziell fir d'Rechter vun de Fraen agesat. Fir Literatur a Konscht war dës intelligent Fra begeeschtert. No hirem Doud sinn des Wierder geschriwwe ginn déi alles aussoen: “Un noble coeur a cessé de battre; une rare intelligence s'est éteinte.“

Am Testament vun der Madamm Mayrisch, dat si am Accord mat hirem Meedchen Andrée am Joer 1946 opgestallt hat, war ënner anerem festgehalen ginn, datt d'Schlass vu Koulbich mat dem Park, dem Baurenhaff an de Lännereien an de Besëtz vum Roude Kräiz kommmen soll an dat et als Kanneroder Genesungsheem ënner der Leedung vum Här Michel Reinard genotzt soll ginn. Vill vun hiren Immobilien si fir aner sozial Zwecker verdeelt ginn.

Ech invitéieren Iech häerzlich um Koulbicher Schlassfest 2023 deelzehuelen an dee flotte Programm mat villen Hobbykënschtler an Aussteller mat ze erliewen. Als Afschloss well ech derzou opruffen fir dat héich ze halen wat d'Famill Mayrisch eis hannerlooss huet an am selwichte Geescht a mat der selwichter Begeeschterung de Site zu Koulbich auszebauen an d'Schlass senger Würdigkeet ze erhalen.

Armand Schuh
Buergermeeschter
Gemeng Ell