Advertorial

Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022

33. Munzer Haupeschmaart

Regionale Traditionen und HandwerkskunstBereits zum 33. Mal lädt die Robbesscheier Sie am Sonntag, den 6. November zum urigen wie originellen „Munzer Haupeschmaart“ ein. Der Brauch der Jäger, zu Ehren ihres Schutzpatrons dem heiligen Hubertus, einen Markt zu veranstalten, stammt aus dem 17. Jahrhundert. Die Robbesscheier wird wie jedes Jahr Dreh- und Angelpunkt dieser Veranstaltung sein.Start ist am Freitag, dem 4. November mit dem traditionellen „Träipeniessen“ im Restaurant Robbesscheier. Reservierungen werden unter der Telefonnummer 92 17 45-1 oder via E-Mail: info@touristcenter.lu entgegengenommen.Samstag, der 5. November ab 21 Uhr Ball im geheizten Zelt mit Dj Flex Diamond und Dj VDG. Organisiert wird dieser vom Jugendverein „Munzen-DrauffeltSiwwenaler“.Sonntag, der 6. November, großer Hubertusmarkt, organisiert von der Robbesscheier in Zusammenarbeit mit den Vereinen der Gemeinde Clervaux und Umgebung.

Der Hubertusmarkt

Weit mehr als 100 Aussteller und Einheimische stellen ihre Qualitätsprodukte und Handwerkskunst im einmaligen Naturrahmen in Munshausen vor. Erleben Sie eine Fülle an regionalen Traditionen und Produkten, vielfältigen Düften und Aromen, Aktionsständen, Spezialitäten und Besonderheiten der Region, Holzspielsachen, Essigen und Ölen.

Nicht zu vergessen sind allerdings auch die professionellen Marktleute mit Schuhen, Mützen, Kleidern, Äpfeln, Birnen, Käse, Wurstwaren, Haushaltsartikeln und vielem mehr, welche einfach zum „Munzer Haupeschmaart“ dazugehören.

Unterhaltung

Ein amüsantes und vielfältiges Rahmenprogramm lädt Sie zum Verweilen ein.

 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-2
 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-3

Vereine

Das Vereinsleben wird in Munshausen seit jeher großgeschrieben. Die einzelnen Vereine aus der Gemeinde Clervaux und Umgebung sind fester Teil des turbulenten Markttreibens mit Getränkeständen, Essbuden, Bastelartikeln, Tombola Verkauf und hauseigenen Produkten und freuen sich auf einen regen Publikumszulauf.

Offizieller Programmablauf

09:30 Uhr: Gottesdienst in der Pfarrkirche von Munshausen mit musikalischer Begleitung durch einen lokalen Gesangsverein.

10:30 Uhr: Nach der heiligen Messe gehen die Ehrengäste zum Marktkreuz am Ortsausgang von Munshausen, wo die offizielle Eröffnung des historischen Marktes mit einem doppelten Handschlag eingeleitet wird.

11:30 Uhr: Anschließend lädt der Vorstand des Tourist Center Clervaux asbl zu einem Rundgang über den Markt ein, wo sich die Ehrengäste einen ersten Eindruck über die Vielzahl an Angeboten machen können. Die Gemeinde Clervaux bietet nach dem Marktgang einen Ehrenwein an.

 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-4
 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-5

Essen und Trinken

Um die Mittagszeit wird das traditionelle „Haupeschmaartmenü“ im Restaurant Robbesscheier und im geheizten Zelt nahe dem Sammeshaff serviert. Sie haben die Wahl zwischen „Wëldgulasch mat Emgeréits, Taart“, „Ham, Fritten an Zalot, Taart“ oder „Träipen mat Emgeréits, Taart“. Auch auf dem „Haupeschmaart“ selbst, werden sowohl von den Dorfvereinen wie von Marktleuten diverse kulinarische Spezialitäten angeboten, von herzhaft bis zuckersüß.

Parkplätze und Pendelminibus

Ein Pkw- Parkplatz befindet sich an den zwei Eingängen des Dorfes. Wenn Sie sich das Autofahren ersparen wollen, steigen Sie doch einfach mal auf Bus und Bahn um. Während des ganzen Tages sorgt ein Pendelbus für den Hin- und Rücktransport vom Bahnhof Drauffelt über Munshausen zum Cube 521 in Marnach. Der Pendelbus wird von 10.00 Uhr bis 20.00 Uhr fahren.

Wir wünschen Ihnen einen angenehmen Aufenthalt und einen erfolgreichen Handel auf unserem „Haupeschmaart“!

Kontakt:
Robbesscheier
1, Frummeschgaass
L-9766 Munshausen
Tel: +352 92 17 45 – 1
www.robbesscheier.lu
info@touristcenter.lu

 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-6

Den Haupeschmaart hei zu Munzen ass e ganzt besonnescht Fest hei am Éislek, dat traditionell och fir d’Enn vun der Saison vum Tourist Center Cliärref steet an wou d’Joer Revue passéiere gelooss gëtt.

An d’Joer 2022 hat et an sech. An alle Beräicher wäert dat ganz gutt Joer 2019 getoppt ginn. Mat de bekannten Enkpäss um Aarbechtsmaart hu vill Erausfuerderunge misse gestemmt ginn an ech soen dem ganze Personal awer och de Membere vum Verwaltungsrot vun dëser Plaz aus e grousse Mercifir hiren Asaz.

E vun den Héichpunkte war ganz sécherlech d’Reouverture vun der Rackésmillen, déi eng Beräicherung vir d’ganz Regioun ass a méi wéi gutt vun den Awunner a Gäscht ugeholl ginn ass. Och op dëser Plaz gi mir eis als Tourist Center Cliärref vill Méi, mat allen Acteuren aus der Regioun zesummen ze schaffen an doduerch d’Regioun ze beliewen. Déi kleng ekonomesch Netzwierker sinn immens wichteg fir d’Liewensqualitéit och an Zukunft hei uewen am Éislekofzesécheren. 

Eng ganz Rei vu Projete sinn dëst Joer an Zesummenaarbecht mat eise Partner weidergefouert oder ugepak ginn. Och hinnen dofir e grousse Merci. Ouni si wiere mir net do wou mir haut sinn. Allerdéngs muss een och ënnersträichen, dat op eis Verlooss ass a mir eis ni ze schued sinn, vir eng Hand mat unzepaken.

Ech wënschen Iech alleguer e schéinen Dag hei zu Munzen an dat dier e puer gutt Affäre maacht. A wann Iech nach e bëssen Zäit bleift, géif ech Iech e klengen Tour iwwert de Site vun der Robbesscheier proposéieren; da kënnt dir gesinn, wat alles eleng hei an dësem Joer geschitt ass.

Marie-Josée Jacobs
Presidentin vam Tourist Center Clervaux asbl 
 

 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-7

Mam Haupeschmaart steet wéi all Joer erëm en traditionelle Rendez-Vous an der Gemeng Cliärref viran der Dier. Dësen as mëttlerweil wäit bekannt an zéit su mansche Visiteur aus dem Ländchen op Munzen.

Den Tourist Center Cliärref, zesame mat ville lokale Veräiner, maa sech eng Freed draus eech op dëser 33. Editioun ze begréissen.

Dëse Weekend fänkt jo well e Fregdeg mat engem „Träipenowend“ an, e Samsdig den Owend gëtt d’Jugend Rendez-Vous op dem Haupesch-Bal an e Sonndeg ass den traditionellen Haupeschmaart, wu et an eisem eigentlich rouegen Duarref Munzen nëmme su va Liäwe wibbelt. Va wäit a no ass alles op de Been fir mat eis dat schéinste Hiärrestfest ze feieren.

De Munzer Haupeschmaart ass e flotte Brauch deen déi al handwerklich Beroufer rëm opliäwwe léisst, Et ass äwer o déi lest Geleeënheet viran de Wantermingt fir e grousse Maart a fräier Natur ze genéissen. Dëse Maart hatt ganz vill ze béiden, eng sëlliche Stänn presentéiren eech hir lokal a regional Produkter, fir Eessen a Gedrénks ass bestens gesuarrigt, a Spezialitéiten aus der Regioun konnt der hei schmaachen a kofen.

Houfreg ass d’Gemeng dat si mat dem internationale Label „Cittaslow“ eng Anerkennung kricht hat wu mir zesame mat eise Veräiner een héige Wäert op eis Traditioune leeën. Dozou gehéiert sich bei allen Aktivitéiten Méi ze giänn dat Lokalt an d‘Qualitéit van hei heem an d’Vitrine ze setzen, an et fiärdig ze kreien dem hektischen Alldagze entfléien.

Ee grousse MERCI geet an d’Direktioun an d’Personal aus der Robbescheier su wi an all Veräin dee joran a joraus präsent ass fir eise Gäst engt breed an afwiässlungsräicht Angebot ze béiden.

De Weekend vam 6. November ass zu Munzen ganz sécher fir jiddereen eppes derbäi. Ech géif mech freeën Eech zu Munzen begréissen ze konnen, a mat Eech zesamen dëse flotte Maart ze genéissen.

Emile EICHER
Buergermeester Gemeng Cliärref
 

 Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022-8

De Brauch vum Haupeschmaart geet schonn op d’17. Joerhonnert zeréck a gehéiert domadder zu den eelste Lëtzebuerger Traditiounen. Vum lokale Konschthandwierk bis bei regional kulinaresch Spezialitéite bestécht dëse Maart mat enger grousser Variatioun un qualitativ héichwäertege Produiten. Den Haupesch-Week-end, deen nieft dem bekannte Maart och dat traditionellt „Träipeniessen” virgesäit, iwwerzeegt souwuel Residenten ewéi Touriste mat senger geselleger Ambiance a garantéiert en authentescht Erliefnis. Dësen Event gehéiert zu eisem kulturellen Iewen an hält eis Geschicht an Traditiounen op eng eenzegaarteg Aart a Weis um Liewen.

Residenten, Grenzgänger an Touriste kënnen op der 33. Editioun vum Munzer Haupeschmaart de schéinen Norde vum Land an seng charmant Ecker entdecken. D’Éislek iwwerzeegt duerch seng intakt Natur, impressionnant Landschaften, souwéi seng Wander- a Vëlosweeër, déi et engem erméiglechen eist Land op eng aussergewéinlechManéier kennenzeléieren.

Ech felicitéieren dem Tourist Center Clervaux fir d’Organisatioun vum Haupeschmaart, deen en wichtegt Element vun eiser gastronomescher a kultureller Tourismusoffer ass. Besonnesch soen ech all deene Merci, déi mat vill Asaz an Häerzblutt un der 33. Editioun matgeschafft hunn.

Lex Delles
Minister fir Tourismus

Comité de patronage

• ETGEN-GOETHALS
Fernand, Président de la Chambre des députés
• KAES-PEFFER Aly,
Député-bourgmestre de la commune de Tandel
• KAYSER Yves,
Bourgmestre de la commune de Kiischpelt
• Monsieur et Madame
KREMER-LANDERS Edmond, L-9991 WEISWAMPACH
• HANSEN Martine, Députée
• BAULER André, Député
• Boulangerie – Pâtisserie
Beim Luss, CLERVAUX
• MUNHOWEN S.A.
L-4385 EHLERANGE
Maison recommandée
• TURMES Claude Ministre de l’Énergie Ministre de l’Aménagement du territoire
• BIJOUTERIE BREVER S.à.r.l
L-9710 CLERVAUX Maison recommandée
• Etablissement J.-P. RINNEN et
Fils, Clervaux S.à.r.l L-9706 CLERVAUX, Maison recommandée
• RINNEN Henri, bourgmestre
de la commune de Weiswampach
• NORDPARTS S.à.r.l.
L-9180 OBERFEULEN, Maison recommandée