Mer wëllen vun der Gelegenhéit profitéieren an all deenen Leit Merci soen déi eis duerch: eng Annonce am Publi-Reportage, eng Annonce op eisem Flyer, Tombola’s Lousen oder een finanziellen Don ënnerstëtzen. Een besonnesche Merci un all déi Leit, déi eis den Dag freiwellig hëllefen. Seid Joren gëtt den Erlees vun dësem Dag, mat der Zesummenaarbicht vun der Direktioun um Site vum Kolpicher Schlass investéiert, wéi zB. Dëscher an Bänken am Schlasspark. Mer wënschen Iech all een schéinen Dag op eisem Schlassfest. Jeanny Janes
Presidentin Sektioun
Schlassfest Roud Kräiz
Advertorial
Léif Frënn vum Roude Kräiz
Sektioun „Schlassfest Kolpich „vum Rouden Kräiz organiséiert hiert traditionellt Schlassfest, den 10. Juli 2022 an dat fir déi 39. Kéier.Schonn säit Joren bedéiligen d‘Hobbykënschtler sech un eisem Fest, an mer sinn besonnesch houfreg dat dëst Joer méi ewéi 30 Aussteller bereet sinn mat ze maachen.Vun 10.00 Auer un, kenn der déi verschidden Stänn wéi: „Hobbykënschtler Letzebuerg“ – „Floumaart“ – „Bichermaart“, – „Tombola“ – , Schampesstand vum „Club Soroptimist Mosaïk“, „Spiller fir d’Kanner mat den Guiden an Scouten vu Groussbus“ besichen.Concert-Aperitif gëtt dëst Joer vun der Harmonie Préizerdaul offréiert an am Nomettig suergt den Orchester SoloMio fir Stëmmung.Fir Iessen an Gedrénks ass och gesuergt an fir Mëttes steet Feierstengszalot um Menü.