Advertorial

Léif Frënn vum Berdorfer Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart

No engem Joer Paus, duerch d´Pandemie bedéngt, organiséieren d´Fraen a Mammen vu Berdorf Samschdes de 6. a Sonndes de 7. November 2021 hiert 16. Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart.Eise Maart ass, duerch verschidde Restriktiounen, e bësschen anescht organiséiert, wéi déi Jore virdrun:An de Stroossen, de Scheieren an am Centre Culturel fannt dir eng 70 Konschthandwierker, déi eis hir Konscht hei presentéieren. Dësen Deel vum Maart leeft ënnert de Gestes Barrières.

Léif Frënn vum Berdorfer Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart-2

D´Droe vun enger Mask ass obligatoresch. Et gëtt e Sens de Marche, deen duerch Feiler op der Strooss ugewise gëtt an et sti Mëttel fir d´Desinfizéieren vun den Hänn prett. Hannert dem Centre Culturel, suergen d´Veräiner aus dem Duerf fir Iessen an Drénken. Dëse flotte Food-Village fonktionéiert ënnert de Covid-Check-Reegelen, sou dass eis Gäscht ganz ouni Gefor zesummen hiert Iesse kenne genéissen.

Seit dem 1. November gëllen och fir eis keng Schnelltester méi, a jiddereen deen an de Food-Village well, muss iwwer QR Code virweisen dass e geimpft, geheelt oder zertifiéiert getest ass. Och hei ënnerleien d´Kanner bis 12 Joer kenge Restriktiounen.

Wéinst dem CovidCheck sinn all eis Iessa Gedrénksstänn um 20.00 zou. Den Entrée ass, wéi all Joer 3!, an d´Kanner bis 12 Joer si gratis.

Ausserdeem ass Sonndes moies um 11.45 Auer, wéi dat jo Gebrauch ass, an dem Amphitheater eng Mass am Bësch zu Éieren vum hellegen Hubertus, dem Schutzpatréiner vun de Jeeër.

D´Fraen a Mammen freeën sech schonn op äre Besuch a mir wënschen iech e ganz schéine Weekend bei eis zu Berdorf.

Linda Hartmann
Präsidentin Fraen a Mammen vu Berdorf

Merci un eisen Donateur

Bijouterie
Annick Mersch, Berdorf