Advertorial

Just Music 2022 – Wat en Zirkus

De 14. Mee um 20 Auer am Centre Culturel Bouneweg

Besucher können am 14. und 15. Mai an verschiedenen Führungen und Workshops um und im Schloss Clerf teilnehmen. Foto: C

Am Kalenner vun den traditionellen Aktivitéiten vun der Bouneweger Musek huet de Fréijoersconcert seng fest Platz. Am Mount Mee leeft dëse Concert ënnert dem Motto „Just Music“. Den thematesche Schwéierpunkt vun dësem Joer ass d’Welt vum Zirkus. Mat Zirkus kommen gär Erënnerungen un d’Kandheet op, Biller vun enger Caravane, vun enger Manege am Zelt, vun Akrobaten a Clownen, an och vun Orchester an Orchestermusek.Wéi am richtegen Zirkus geet et zu Bouneweg lass mam „Einzug der Gladiatoren“, engem weltbekannten Zirkusmarsch, komponéiert vum Julius Fuçik am Joer 1899.

De 14. Mee um 20 Auer am Centre Culturel Bouneweg

Just Music 2022 – Wat en Zirkus-2

Duerno gëtt et dann zimmlech Eescht. D’Bouneweger Musek präsentéiert d’Concoursstéck „Paradise Cave“, e symphonescht Gedicht vum Jacob de Haan. Dëst Stéck ass den Imposé vum internationale World Music Contest zu Kerkrade, un dem d’Musek an der 1. Divisioun fir Fanfare Band am Juli 2022 wäert deelhuelen. Matmaache bei engem internationalen Concours ass ëmmer eng grouss Erausfuerderung, an Deelhuelen um Concours zu Kerkrade an Holland ass e ganz besonnescht Ereegnis an der Geschicht vun engem Blosmuseksensembel. No de Joren 1962 an 2005 ass et iwwregens déi 3. Kéier wou d’Bouneweger Musek um Concours zu Kerkrade deelhëlt.

Just Music 2022 – Wat en Zirkus-3
Den Dirigent Romain Kerschen

„Send in the clowns“ ass eng Rockballad vum Komponist a Liddertexter Stephen Sondheim. Den Text beschreift, dass et an engem Liewen net ëmmer fir ze laachen ass, an den Titel „Send in the clowns“ seet dat op eng douce Aart a Weis.

Et geet weider mat engem Klassiker fir Xylophonakrobaten. „The two imps“ ass zanter bal honnert Joer e Must fir Museksensembelen, a bitt d’Geleeënheet, de Firlefanz an d’Virtuositéit vun Artisten um Xylophon ze entdëcken. Op eisem Concert wäerten et iwwregens net zwee, mee dräi „Imps“ sinn, nämlech den Abel Parente, de Pit Haustgen an de Lex Beying, déi hir Spillfreed op dësem Instrument virféieren.

Mat enger Zesummefaassung iwwert “A day at the Circus“ vum James Curnow geet et dann an d’Paus.

Wann d’Zirkuscaravane an d’Stad kënnt, da geet et gäre festlech a lëschteg zou, et ass, fir et mam Jacques Tati ze soen, „Jour de Fête“. Dësen Aspekt weist de Marsch „Circus on Tour“ vum Ton Verhiel mat vill Tempo a Liichtegkeet.

Zirkus a Kandheet, Zirkus an Dram, Zirkus a Phantasie a Gefiller, fir den italienesche Filmregisseur Federico Fellini war den Zirkus ee vu den Haaptmythen. A wa vum Federico Fellini Rieds geet, dann ass d’Musek vum Nino Rota net wäit ewech. „The clowns” ass d’Musek zum Film “I clowns”, e Film deen de verschiddene Stiler a Perséinlechkeete vun de Clowne gewidmet ass.

„Yackety Sax“ vum „Spider“ Rich an Boots Randolph ass e ganz populäert Stéck fir Saxophon an Orchester. De Saxophonist Boots Randolph huet sech Ufanks de 60er Joeren inspiréiert um Stil vum Saxophon solo am Song “Yackety yak“ vum Grupp The Coasters. Yackety yak heescht iwregens souvill wéi „Sënnlost Gelaabers“. Um sougenannte “Saxophon yakety sound” versiche sech déi zwee Tenorsaxophonspiller Willy Theis a Guy Wagener.

Just Music 2022 – Wat en Zirkus-4
Abel Parente
Just Music 2022 – Wat en Zirkus-5
Luc Beying

Kuerz viru Schluss vum Concert gëtt dann nach eng Kéier d’Kuliss gewiesselt, an et geet an déi haart a rau Biergwelt. „The wilderness“ vum Rossano Galante ass eng Kompositioun vun 2019 a steet och um Programm vun der Bouneweger Musek fir Kerkgrade.

Sécherlech ass e Besuch an d’Zirkuswelt ëmmer erëm derwäert, an „the greatest Show on Earth“ vum Alan Fernie dréckt dat zum Schluss nach eng Kéier musikalesch aus. Keen Zirkus ouni Presentateur oder Presentatrice. Duerch de Programm féiert d’Jij Linster an hier jonk Zirkuskënschtler a -Kënschtlerinnen.

Just Music 2022 – Wat en Zirkus-6
Pit Haustgen
Just Music 2022 – Wat en Zirkus-7
Willy Theis a Guy Wagener

Sidd Dir un dësem Programm mat verschiddenaartege Stëmmungs- a Gefillslandschaften interesséiert, da rufft un um Telefon 49 63 33 a bestellt Äre Billjee (12 E/Studente 7 E) fir den „Just Music 2022“ de 14. Mee 2022 um 20 Auer am Centre culturel Bounweg.

Den Dirigent Romain Kerschen a seng Musikantinnen a Musikante free sech iwwert Äre Besuch! Parkméiglechkeeten (reduzéierten Tarif ; automatesch Keess am Centre culturel) fannt Dir am Parkhaus nieft dem Centre culturel (Entrée Rue Sigismond). A natierlech ass fir Iessen a Drénke gesuergt.

Just Music 2022 – Wat en Zirkus-8
Just Music 2022 – Wat en Zirkus-9