Advertorial

De Munzer Haupeschmaart

##mainParagraph##

De Munzer Haupeschmaart-2

Den Haupeschmaart zu Munzen, den dëst Joer well fir déi 30. Kéier organiséiert gëtt, ass traditionell dee Moment, wu op d’Joer an d’Saison zeréck gekuckt gëtt. Et ass mäin ischte Réckbléck als Presidentin vam Tourist Center Clervaux asbl. an ech sënn houfreg op dat, wat mir opweises hann.



Eng ländlech Regioun ze beliäwen an interessant ze man, ass net einfach a kann nëmmen an enger enker Zesammenaarbicht van eis all geléngen; egal op Privatpersoun, professionellen Acteur oder op Niveau van all anerem Engagement. Hei de richtegen Toun ze fannen a fair mateneen ëmzegoen ass de Schlëssel dohen an ass an eiser heiteger Gesellschaft gar keng Selbstverständlechkeet mi. Do ha mir vill Energie dra gestasch an all déi Momenter, wu een dat Zesammeréckele spiert, man mech frou.

Op dat, wat muaren kënnt, muss ee sech hokt virbereeden. Dat ha mir gemaa a sënn na ëmmer derbäi. D’Aarbicht an eisen eegene Produkter, sief dat d’Robbesscheier, de Cornelyshaff, de Camping ewer o d’Rackésmillen ass eng Saasch. D‘Vermaartung dovan; ewer natierlech o van allem wat d’Gemeng Cliärref ze bidden hatt, ass déi Aner. Dat beste Produkt bréngt net vill, wa keen et gesäit. An hokt muss ee sech ëmmer mi an der digitaler Welt behaupten an dat mat deene richtege Contenuen. Mir hann do reagéiert a wäerten dee Wee zesamme mat all eise Cliärrwer Acteure goen.

De Munzer Haupeschmaart-3

De Weekend vam Haupeschmaart steet fir eng ganz typesch Ambiance an Éisleker Liäwensweis. Wa mir van engem authentischen an nohaltigen Tourismus oder ewer o van Naturparkwäerter schwätzen, da leie mir hei goldrichteg.

Ech hoffen, datt vill Lekt sech aus ganz Lëtzebuerg an iwwert d’Grenzen eraus agesprach féilen a wënschen hinnen all ee schinge Weekend bei eis hei zu Munzen, an eise Maartlekt een erfollegräichen Handel.

Marie-Josée Jacobs, Presidentin vam Tourist Center Clervaux asbl