Ech hoffen dass trotz allem vill Läit dee Wee bei eis fannen an sech net vun de Restriktiounen d’Loscht huele loossen. Mat an der Vergaangenheet iwwert 7000 Visiteure gehéiert dëse Maart sëcherlech ëmmer nach zu deene schéinste Konschtan Handwierkermäert an der Groussregioun.
Ee gutt gefëllten Animatiounsprogramm an déi grouss kulinaresch Offer am Food-Village suergen dofir dass Grouss a Kleng e schéinen Dag an eisem Duerf verbrénge kënnen. Een zousätzlechen neie Parking am Centre Maartbësch mat Shuttle bréngt Iech och dëst Joer ouni Stress bis virun d‘Entrée.
En feste Rendez-Vous um Haupeschfest ass awer och um Sonnde Moien um 10.45 Auer d‘Haupeschmass déi all Joer vum S.I.T Berdorf am Amphitheater Breechkaul organiséiert gëtt. Des Mass gëtt traditionell vun de „Trompes de Chasse Saint Hubert“ musikalesch encadréiert a gehéiert zum Bäertrëffer Kulturpatrimoine. Offréiert gëtt no der Mass e Glüwäin, eng Drëpp oder ee waarme Choky.
Wie all Joer wëll ech schonn am Viraus dem Organisateur de Fraen a Mammen een décke Merci fir hiren Engagement ausschwätzen an der 16. Editioun vill Succès wënschen. Joé Nilles, Buergermeeschter