Advertorial

111 Joer Ettelbrécker Lyra

 

Léif Frënn vun der Lyra,No 2 Corona Paus wou mir keng Aktivitéit haten an no bal 3 Joer Absence am CAPE si mirfrou fir endlech rëm e Concert kënnen hei heem virun eisem Publikum ze sangen.

Well mir wéinst der Corona-Pandémie och eisen 110. Anniversaire net konnte feieren, huele mir dat lo no a feieren dëst Joer 111 Joer Lyra.

111 Joer Ettelbrécker Lyra-2

Den Ettelbrécker Männerchouer Lyra, deen den 18. Januar 1911 gegrënnt ginn ass, huet eng lang Traditioun a kann op eng ganz erfollegräich Veräinsgeschicht zréckkucken.

Sou wéi all Verain huet och d’Lyra Héichten an Déiften erlieft an huet sech am Laf vun de Joren duerch Frëndschaft a Kollégialitéit, duerch Engagement an Idealismus vun all eenzelne Member zu engem unerkannte Männerchouer entwéckelt.

Nei Memberen ginn awer ëmmer gebraucht, an ech machen duerfir vun dëser Plaz aus een Appell un all Männer, déi Freed um Gesank hun : Kommt bei eis a sangt mat eis !

Mat eisen 2 Concerten vum nächste Weekend hu mir d’Méiglechkeet ze weisen, datt de Männerchouer näischt vu sengem Reiz verluer huet, aneng Chouerform duerstellt, déi et verdéngt, ënnerstëtzt ze gin.

D’Lyra bleift hierer Linn trei mat engem Programm deen och dëst Joer rëm mat Sécherheet eisem Publikum wäert gefalen, mat Lidder déi un d’Jugenzäit errënneren, mat villen flotten Evergreens a bekannte Schlagermelodien, déi dozou verleedenfir matzesangen.

Eisen Dirigent Marion Michels huet och dëst Joer rëm een ofwiesslungsräiche Programm zesummegestalt, dee sou munches zebidden huet a wou sécherlech fir all Goût dat richteg derbäi ass.

Kommt bei eis, loost al Erënnerungen opliewen a verbréngt mat eis een onbeschwéierten Owend. Ech wëll vun dëser Plaz aus all deene Leit Merci soen, déi d’Ettelbrécker Lyra JoerfirJoer an iergend enger Form ënnerstëtzen. Sief dat duerch eng Annonce, een Don oder hir Präsenz op eise Concerten. Ouni dës finanziell a moralesch Hëllef ass d’Iwwerliewen vun engem kulturellen Veräin hautdësdag nët méi méiglech.

Léif Frënn vun der Lyra, mir freeën eis drop, firIech de 29. Oktober um 20.00 Auer an den 30. Oktober um 17.00 Auer am Centre des Arts Pluriels Edouard Juncker kënnen ze begréissen a mir wäerten eist Bescht machen fir Iech ee flotte Concert ze présentéieren.

André NICOLAY
President

LYRA mieux qui LYRA le dernier

111 Joer Ettelbrécker Lyra-3
111 Joer Ettelbrécker Lyra-4

1. Deel
El Choclo, 1903
Riquita, 1926
Le plus beau tango du monde, 1935
Ma cabane au Canada, 1947
Heisser Sand, 1962
Down Town, 1964
Adieu jolie Candy, 1968
Congratulations, 1968
I’ll never fall in love again, 1968
Eviva Espana, 1972
Pour un flirt, 1971
Feelings, 1974
Freiheit, 1987

2. Deel
We shall overcome, 1901
It’s a long way to Tipperary, 1912
The lion sleeps tonight (Mbube) (Wimoweh), 1939
My Way, 1967/69
Wunder gibt es immer wieder, 1970
Sing a song (Carpenters), 1972
Thank you for the Music /ABBA), 1977
Über 7 Brücken must du gehn, 1978/80
I Have a dream (ABBA), 1979

BANJO, JAZZGITTAR, MANDOLINN: Luc HOFFMANN
KONTRABASS & E-BASS: Pit EVEN
PERKUSSIOUN: Max DUCHSCHER
PIANO: Claude HUSS
PROGRAMM & DIREKTIOUN: Marion MICHELS

Reservatioun an Informatioun
An der Billetterie vum CAPE
Tel: 26 81 26 81
Dënschdes, Donneschdes a Freides vun 14:00 bis 18:00 Auer
www.cape.lu

Comité d'honneur
Peters Roby, Ettelbruck
Warling Anne, Ettelbruck

Comité de Patronage
Beckerich Nico, Warken
Brasserie-Restaurant Galileo, Ettelbruck
Schiltz Pierre, Ettelbruck

Comité Protecteur
Boever Marc, Président USPX, Eselborn
Etgen Fernand, Feulen
Feypel Alain, Warken
Gehlen Jean, Ettelbruck
Halsdorf Claude, Warken
Lion Claude, Bettendorf
Lion Paul, Mertzig
Mayer M.-Suzette Vice-Prés. USPX, Koetschette
Mohnen Fritz, Warken
Nicolay Pascal, Ettelbruck
Recken-Riewer Daniel, Ettelbruck
Reuter-Schmit Jean-Louis et Mireille, Warken
Riewer-Altmeyer Christine, Warken
Riewer-Metz Alfred, Ettelbruck
Seyler-Merres Liliane, Erpeldange /Ett.
Steffen Christian, Warken

Firme Protectrice
Agence Immobilière Paul Reinig, Ettelbruck
Goblet Lavandier & Associés, Niederanven
Maison Putz, Schieren
Optique Hoss, Ettelbruck