Advertorial

1. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer

Iwwer 80 Hobbystänn erwaarden Iech an der attraktiver Mëttelalterstad

Dëse Samschdeg, de 6. August ass an de Stroose vun Esch-Sauer vu 17.00 bis 23.00 den 1. Hobby-Nuetsmaart, organiséiert vum Comité Hobby-Nuetsmaart asbl. 

Et ginn och verschidden Atelieren ugebuede fir Grouss a Kleng, ë.a: Workshop mat Naturproduiten a Schiefer an et ass en Danzatelier mam Antoinette.

Op zwou Plazen am Duerf, an der Kiirchestrooss an an der Galerie Photostuff, ass eng Foto-Expo. An de schmuele Gaasse vun Esch-Sauer kënnen d'Visiteure vun enger Foodstreet profitéieren.

Och déi musikalesch Animatioun kënnt net ze kuerz: d'Lisa Mariotto, BreeVibe a Pretty Ellen, Alphornissimo an den DJ Andy suergen op verschiddene Plaze fir Stëmmung.

1. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer-2

De Pascal zitt mat senger Dréiuergel duerch d'Stroossen a fir déi Kleng ass de Luciano mat senge Ballonen ënnerwee. Ëm 23 Auer maachen d'Hobbykënschtler hir Stänn zou an dann trieden Spirit of the Highlands Pipes and Drums am Tunnel op.

Fir e kréinenden Ofschloss suergt d'Laser Light Show ëm Mëtternuecht. Während dem ganzen Hobby-Nuetsmaart suerge lokal Veräiner fir den Honger an den Duuscht. Zwou gratis Busnavette fuere vu 16.30 bis 01.00 a bréngen iech op Esch-Sauer.

1. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer-3
Zënter Kuerzem gehéiert Esch-Sauer zu den 20 schéinsten Dierfer an Europa. Fotoen: Charlot Kuhn
1. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer-4

De Comité Hobby-Nuetsmaart asbl freet sech op Aere Besuch um 1.Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer. C.
 

   Aus „Nuetsmaart“ gëtt „Hobby-Nuetsmaart“

Eng gegléckten Organisatioun

Als gewielte President vum neien Hobby-Nuetsmaart, sinn ech stolz op eng engagéiert, dynamesch a kreativ Ekipp ewéi och op d'Veräiner, déi dëst Evenement méiglech maachen, well nëmmen zesumme si mir staark.

Als Geschäftsmann vun Esch Sauer sinn ech frou iwwer all Aktivitéit, déi an onser eenzegartiger Uertschaft mat der eelster Buerg vum Land ass. Nodeem 2015 fir d'lescht en Nuetsmaart zu Esch Sauer war an ech dat immens schued fonnt hunn, war ech frou a Kontakt ze triede mat der Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl.

Mir hunn ons eng etlech Mol getraff fir den Nuetsmaart erëm opliewen ze loossen. D'Iddi ass opkomm, fir aus dem Nuetsmaart en Hobby Nuetsmaart ze maachen a mat der tatkräfteger Ënnerstëtzung vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg ass dat ons och gelongen.

Ech hu mech agesat fir d'Veräiner un een Dësch ze kréien – ouni d'Veräiner aus der Gemeng wär esou eng Organisatioun guer net méiglech – an duerfir de Veräiner e grousse Merci.

Et gouf e Comité Hobby Nuetsmaart gegrënnt, mir hunn ons Iddien zesummegedroen a si stolz drop, dass mir et fäerdeg bruecht hu fir esou eng flott Manifestatioun zu Esch Sauer ze organiséieren.

Mir hunn eng 80Hobbystänn, zwou Fotoausstellungen a mir hunn e musikalesche Programm op d`Been gesat, dee sech weise léist. Nieft dem Catering, deen duerch d'Veräiner garantéiert ass, a fir de Flux vun de Visiteuren ze geréieren, hunn ech och nach eng Food Street mat ageplangt duerch déi ureg Gaassen vun Esch am Lach. Fir e flotten Ofschloss vum Hobby Nuetsmaart suergt eng Laser Light Show ëm Mëtternuecht.

Dem Comité Hobby Nuetsmaart säi Merci geet un d'Gemeng an d'Gemengenaarbechter, déi ons bei allem ënnerstëtzt hunn, un all déi fläisseg Hänn, déi am Virfeld scho geschafft hunn a bei der Organisatioun gehollef hunn, sief et fir d'Animatioun, d'Publicitéit an de Sponsoring, eis Veräiner, un d'Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, déi sech ëm d'Hobbystänn bekëmmert hunn an un all ons Sponsoren. Merci och all deene Leit, déi de 6. August am Asaz sinn. Esou en Hobby-Nuetsmaart ze organiséiere, geet nëmme, wa mir alleguer un engem Strang zéien.

Ech wënschen den Hobbykënschtler an de Veräiner e gudde Verkaf an de Visiteuren e puer flotter Stonnen zu Esch Sauer.

Ronald Streumer
President Comité
Hobby Nuetsmaart asbl
  

Programm vum Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer, de 6. August 2022

1. Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer-5

An de Stroossen
17.00 Auer: Offiziell Ouverture a Präsenz vum Här Buergermeeschter Marco Schank an de Gemengenautoritéiten

17.00 bis 23.00 Auer: Hobbymaart (mat 80 Aussteller) vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl a Foodstreet

Vun 18.30 bis 22.00 Auer geet de Pascal mat senger Dréiuergel duerch d'Stroossen

18.00 bis 21.00 Auer: Ballonage mam Luciano an de Stroossen

20.00 bis 22.00 Auer: Alphornissimo

Foto Expo
Pop-Up Galerie an der Entrée vum Duerf an der Kiirchestrooss an an der Galerie vun der Photostuff uewen am historeschen Deel vun Esch-Sauer, Entrée iwwert d'rue de la poste.

Am Pesch
18.30 bis 23.00 Auer: Lisa Mariotto

Place des Jardins
17.00 bis 24.00 Auer: BreeVibe/ Pretty Ellen
24.00 Auer: Laser Light Show

Rue du Pont
18.00 bis 23.00 Auer: DJ Andy

Beim Tunnel
23.00 bis 24.00 Auer: Spirit of the Highlands Pipes and Drums

Ausserdeem
Verschidde Kanneratelieren, Danzatelier mam Antoinette fir Grouss a Kleng

Gratis Busnavetten
Linn 1: Heiderscheid / Eschduerf / Heischtergronn
Linn 2: Insenborn / Lultzhausen / Barrage

Entrée: 3 Euro / Kanner gratis