Advertorial

Marche Gourmande vum F.C. Jeunesse Jonglënster E Sonndeg, den 30. Juni

Et ass erëm esou wäit! Wat siewemol gutt gelaf ass an e groussen Erfolleg ze verzeechnen hat, dat soll een och eng aachte Kéier probéieren! An duerfir hunn déi Verantwortlech vum F.C. Jeunesse Jonglënster beschloss, den 30. Juni eng weider Oplo vun der „Marche Gourmande“ fir d’Membren an d’Frënn vum Veräin z’organiséieren. D’Virbereedungen hu schon zënter laang ugefaang: d’Streck ass erausgesicht, de Menü ass bestallt, d’Publizitéit leeft op vollen Touren. „Kannerkrankheete“ gëtt et scho laang keng méi, well et kann ee jo roueg soen, datt dës Organisatioun zu enger Traditioun ginn ass, wou d’Erfahrung, déi an deene leschte Joere gesammelt ginn ass, sech bemierkbar mécht.Eng Saison, déi méi oder wéineger positiv verlaf ass, déi ass op en Enn: D’Dammen-Equipe ass zwar net Champion ginn, mee si huet sech eng ausgezeechent Plaz an der Tabell erspillt. Déi éischt Senioren-Equipe huet et gepackt fir och nach weiderhinn an der Éierepromotioun ze spillen. Wann een och vläicht besser Resultater erwaart hat, da soll een awer zefridde sinn. Den Zweck vum Sport ass jo net, fir ëmmer virbäi ze sinn, mee ganz einfach fir derbäi ze sinn. Denke mir nom Championnat un all déi Memberen, u Comité a Spiller, déi all zesummen duerch hir Ënnerstëtzung respektiv duerch hiert Engagement eiser Jugend d’Méiglechkeet ginn an erhalen, a sportlechem a fairem Asaz sech mat anere Veräiner am Fair Play auserneenzesetzen an doduerch Frëndschaft a Kollegialitéis am Veräin a mat anere Veräiner ze festegen.An elo ass de Moment do, fir no den Ustrengungen vun der Saison 2018/2019, zum Schluss och mol méi eppes Relaxes z’organiséieren. De Sport gëtt e bëssen an den Hannergrond gestallt fir Zäit ze hunn, sech op manner ustrengend an op méi einfach, méi geselleg, gastronomesch an eenologesch Aktivitéiten ze konzentréieren. Duerfir och koum déi siewent Oplo vun der „Marche gourmande“ zu stanen, op déi all Membren a Frënn vum Veräin an och all aner Genéisser ageluede sinn.  

Marche Gourmande vum F.C. Jeunesse Jonglënster E Sonndeg, den 30. Juni-2
ORGANISATEUR: FC JEUNESSE JUNGLINSTER - www.fcjj.lu

Den F.C. Jeunesse Jonglënster huet déi grouss Chance, op Infrastrukturen zréckgräifen ze kënnen, dee sech fir esou eng Organisatioun optimal eegnen. Duerfir sinn den Départ an d’Arrivée vun deem Trëppeltour vu ronn zeng Kilometer jo och bei der Buvette vum Foussballsterrain.

Ëm 10 Auer geet et lass; da kënnen déi éischt sportlech Genéisser sech op de Wee maachen op deer Streck, déi si duerch déi schéinsten Ecke vun der Gemeng féiert. Déi Leit, déi net esou presséiert sinn, hunn Zäit bis 12 Auer, fir déi Epreuve an Ugrëff ze huelen. Ville Leit aus der Lënster Gemeng si verschidden Nimm vun Deeler vum Flouer, duerch déi d’„Marche gourmande“ féiert, net onbedéngt e Begrëff, wéi Fréinen, Groussendréisch, Mierchen, Kickert, Huergaarden, Bocksbierg, Biergerbierg, Huuscht, Steekaulen, Neiewee, Eechhëlz, Schéinert, Pëtzbierg, Zwéckekopp. Den Tour féiert och duerch Gonnereng, d’Buerg an duerch Lënster. Et gëtt also héich Zäit fir dës schéi Beräicher vu Bësch, Wiss a Stécker an der Gemeng kennen ze léieren!

De Menü, deen op sechs verschiddene Plaze vun deer flotter Streck zervéiert gëtt, héiert sech gutt un, an e misst och all déi Leit, déi sech mat op de Wee maachen, zefridde stellen. Et muss hervirgehuewe ginn, datt et keen dréchent Iesse gëtt, well bei all Gank gëtt e Glas Crémant oder Wäin zervéiert. Et fänkt u mat Kaffi mat engem Croissant; da gëtt et eng Rieslingspaschtéit; duerno steet Gaspacho um Menü; weider geet et mat enger Fëschterrinn an duerno mat Geschnetzeltes; den Iwwergank zu deem Séisse mécht en Teller Kéis; de gemittlechen Ofschloss gëtt da gemaach beim Kaffi an deene villen Desserten.

D’Umeldung ass ganz einfach; déi interesséiert Leit brauchen nëmmen de Betrag vun 45 ? oder 20 ? (Kanner vu sechs bis siechzéng Joer) op de Kont LU98 0090 0000 0051 0495 (Raiffeisen), op de Kont LU20 0025 1877 3484 7000 (BILL), op de Kont LU58 0030 0216 2326 0000 (BGLL) oder op de Kont LU24 0141 3565 0801 0000 (CEEL) z’iwwerweisen. D’Kanner ënner sechs Joer brauchen näischt ze bezuelen. Weider Renseignementer kréien all Interesséiert iwwer Telefon 621 255 279 oder 621 426 770 oder um Internet https://www.fcjj.lu/docs/marcheg2019-web.pdf

All Awunner aus der Lënster Gemeng an och aus den Nopëschgemengen esou wéi all Frënn vun der Natur a vum gudden Iesse sinn op dës sportlech a kulinaresch Organisatioun agelueden; de Comité wäert säi Bescht maachen, datt jidfereen zefridden op der Arrivée ukënnt an an enger gudder Ambiance e puer flott Stonne beim FCJJ verbréngt. Also bis den 30. Juni 2019

De Comité vum F.C.
Jeunesse Jonglënster