Studium
De Projet „Student fir 1 Dag“ fënnt dëst Joer nees traditionell an der Ouschtervakanz, tëschent dem 2. an dem 15. Abrëll, statt a gëtt de Schüler:innen d’Méiglechkeet, mam Bus oder mam Fliger an eng vun 22 Studentestied, déi dëst Joer um Programm stinn, ze fueren, a sech vun de Lëtzebuerger Student:innen all hir Froe bezüglech de verschiddene Studiegäng, der Wunnengssich an dem Studenteliewe beäntwerten ze loossen. Moies steet d’Visitt vun den Unisgebaier, vun der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vum Campus um Programm.
Nodeems sech mat engem Mëttegiesse gestäerkt gouf, geet et weider mat engem Tour duerch d’Stad, éier et dann nees zeréck op Lëtzebuerg geet. De ganzen Dag iwwer stinn d’Lëtzebuerger Student:innen de Schüler:innen zur Verfügung.
Wanns du Loscht hues dir deng zukünfteg Studentestad weisen ze loossen, da kanns du dech bis zu zwee Schaffdeeg* virun der Rees umellen ënner: www.acel.lu/sf1d.
*Dëst gëllt nëmme fir d’Busreesen an d’Reesen op Eegeninitiativ. Bei de Fluchreese kann een sech bis zu 8 Deeg am Viraus umellen
Programm 2022
02.04 Stroossbuerg
04.04 Karlsruhe a Heidelberg
05.04 Köln, Bonn a München
06.04 Fribourg (CH)*
07.04 Kaiserslautern a Wien
08.04 Freiburg a Belval (uni.lu)
09.04 Amsterdam*
11.04 Bréissel an Innsbruck*
12.04 Oochen a Nanzeg
13.04 Tréier an Zürech*
14.04 Saarbrécken a Berlin
15.04 Léck a Maastricht
*Hei muss den Transport op eegen Initiativ organiséiert ginn. Wéi’s du am einfachsten dohinner kënns, fënns du an de Programmer vun de Cerclen ënner: www.sf1d.acel.lu.
ACEL
De Studentevertrieder Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sf1d
contact@acel.lu