Student fir een Dag

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

D’Acel bitt och erëm dëst Joer a Kooperatioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu a sengen Membercerclen e „Student fir 1 Dag“ an 22 verschidde Studentestied un.Dëse Projet ënnerstëtzt d’Schüler bei der wichteger Entscheedung, wat si nom Lycées- Ofschloss solle studéieren an a wéi eng Studentestad een dofir goen kann.Beim „Student fir 1 Dag“ hunn d’SchülerInnen d’Méiglechkeet, tëschent dem 2. an dem 15. Abrëll, een ganzen Dag an enger Studentestad ze verbréngen an esou een éischten Abléck an d’Studenteliewen ze kréien.De Programm op der Plaz gesäit folgendermoossen aus: Den Dag fänkt un mat der Visitt vun den Universitéiten an deene wichtegste Gebaier um Campus, wéi d’Bibliothéik, d’Hörsäll an d’administrativ Gebaier.

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

Studium

D’Visitte gi mat engem Mëttegiessen ofgeronnt, befir et da Mëttes mat enger Stadtbesichtegung weider geet. De ganzen Dag iwwer stinn d’Lëtzbuerger StudentenInnen de SchülerInnen zur Säit. Dëst erméiglecht hinnen, all hier Froen ze stellen an esou eng Äntwert aus éischter Hand ze kréien. De „Student fir 1 Dag“ bitt de Schüler also eng eemoleg Geleeënheet, d’Studentestied op eng aner Aart a Weis kennen ze léieren an hinnen esou hier Entscheedung em zukünfteg Studien ze erliichteren.

Umelle kann ee sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënnert folgendem Link: www.acel.lu/sf1d (Wann der mat der Luxair flitt musst dir iech bis zu aacht Schaffdeeg virum Depart ugemellt hunn).

Acel – De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sf1d
contact@acel.lu 

Programm 2022

02.04 Stroossbuerg
04.04 Karlsruhe, Heidelberg
05.04 Köln, Bonn, München
06.04 Fribourg (CH)
07.04 Kaiserslautern, Wien
08.04 Freiburg, Belval (uni.lu)
09.04 Amsterdam
11.04 Bréissel, Innsbruck
12.04 Oochen, Nanzeg
13.04 Tréier, Zürech
14.04 Saarbrécken, Berlin
15.04 Léck, Maastricht