Scheckiwwerreechung

Soroptimiste spenden un d'Fondation Follereau

Zënter iwwer 100 Joer setze sech d’Soroptimisteclib uechtert d’Welt fir Fraen an. D’Ënnerstëtzung ass sou villfälteg, wéi d’Memberen aus de verschiddene Clibb.2020, hunn d’Soroptimiste vum Club „Melusina“ sech dofir entscheet, d’Projete vun der Fondation Follereau z’ënnerstëtzen. Di sanitär Kris huet si net dovun ofgehale weider solidaresch Aktivitéiten ze maachen an esou duerch de Chrëschtmaart 8 000 Euro fir zwee Projete fir Fraen a Meedercher ze sammelen.Déi zwee Projeten déi doduerch ënnerstëtzt konnte ginn, sinn Aktivitéite géint weiblech Genitalverstümmlung a geschlechtsspezifesch Gewalt, déi vun der Fondation Follereau am Burkina Faso an am Mali mat hiere lokale Partnerorganisatioune realiséiert ginn. An deene Projete kréie Meedercher a Fraen déi exciséiert sinn eng medezinesch Hëllef, eng psychologesch Begleedung an d’Méiglechkeet, wann si wëllen, fir reparéiert ze ginn. D’Fraen hunn och duerch d’Ënnerstëtzung vun anere Concernéierten d’Méiglechkeet fir rëm zréck an d’Gesellschaft ze fannen an een eegestännegt Liewen ze féieren. Si kréien Zougang zu Bildung an zu enger Léier wou si ee Beruff kënne léieren, deen hinnen an hire Kanner zu Autonomie verhëlleft.D’Beschneiderinnen, déi Excisioune maachen an d’Communautéiten, déi dës Traditioun weiderféieren, ginn duerch Sensibiliséierung an Informatioun opgekläert iwwer d’Konsequenzen, déi sech deelweis réischt Jore méi spéit bemierkbar maachen. Doduerch kann dacks ee Mentalitéitswandel provozéiert ginn, deen d’Leit dozou féiert fir dës Praxis net méi fir gutt ze heeschen. Deen Ament offréiert d’Fondation Follereau eng berufflech Alternativ fir déi Beschneiderinnen, déi sech engagéieren d’Excisioun net méi weiderzeféieren.D’Fondatioun seet all de Membere vum Soroptimist Club Melusina ee ganz grousse Merci am Numm vun den Ekippen zu Lëtzebuerg, an Afrika, a ganz besonnesch vun de Bénéficiaire vun de Projeten, deenen duerch dëse groussen Asaz konnt gehollef ginn erëm en eegestännegt Liewen ze féieren.C.   

Scheckiwwerreechung-2
Am Ganze konnten 8 000 Euro gesammelt ginn. Foto: C.