Spendenaktioun

Säit 2016 gëtt et de Projet Smile an d’Membere vun der Associatioun Narin probéiere vu Joer zu Joer sou vill wéi méiglech Kanner an de Foyere fir Kleeserchersdag ze beschenken. Dëst Joer gironn 900 Kanner beschenkt an dat sinn der esou vill wéi nach ni. All Joer freet sech d'Ekipp op dëse Projet an dass si sou ville Kanner am Land, déi a Foyere wunnen, e Laachen an d'Gesicht zaubere kënnen. Si hoffen Iech geet et genau sou an dofir brauche si är Hëllef fir dëse Projet kënne weider ze féieren an sou vill Kanner wéi méiglech kënne frou ze maachen.
Spende kënnt dir op dëse Konto: LU86 0019 4655 8693 3000 oder per Digicash un: 621 798 607 (Och wann Amandine Rafael do steet, ginn d’Suen direkt op de Konto vun de Association Narin).
Associatioun-Narin Asbl
20, rue Michel Rodange, L-4776 Pétange
www.association-narin.com