Eng faszinant Entdeckungsrees fir grouss a kleng

War dir schonn am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng?

De Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, ass een interaktive Musée vun der Wëssenschaft an de néien Technologien. Hei erwaart iech all Dag eng faszinant Entdeckungsrees fir grouss a kleng.Mat der ganzer Famill, oder mat Kolleege kann een op der Platz mat bis zu 100 Interaktive Statiounen experimentéieren, an un bis zu 20 spektakuläre Science Shows deel huelen. 

Eng faszinant Entdeckungsrees fir grouss a kleng-2

Am groussen Exploratiouns Raum fänkt d’Rees un! D’Visiteuren kënne sech op der Platz mat bis zu 100 interaktive Statiounen auserneesetzen. Sief et fir een Auto mat enger Hand opzehiewen, géint ee Roboter Kicker ze spillen, déi gréisste Plasma Kugel vun der Welt unzepacken… do ass fir jiddereen eppes dobäi, an dat fir all Altersgrupp. Loosst iech iwwerraschen!    

Eng faszinant Entdeckungsrees fir grouss a kleng-3

All Statioun huet och een Touchscreen, wou déi verschidde Phenomener op fënnef Sproochen präsentéiert ginn (LU, DE, FR, ENG, PT). Zousätzlech dozou stinn och bis zu 20 spektakulär Science Shows um Programm, un deenen een schonn ab sechs Joer deel huele kann. Elektrizitéit, Fluiden, Optik, Magnetismus, Akustik, Planetarium… a nach villes méi. All eenzel Show kann een och op véier Sproochen erliewen (LU, DE, FR, ENG). De ganze Showprogramm fënnt een online op Science-Center.lu

Sicht Dir nach eng onvergiesslech Aktivitéit fir d’Fuesvakanz? Da kommt gäere mat der ganzer Famill an de Science Centerlaanscht a fannt selwer eraus, wéi eng Iwwerraschungen een do entdecke kann.

Platze si limitéiert: Reservéiert är Ticketen ab elo op Science-Center.lu
De Science Center ass all Dag op, ausser den 25., 26. Dezember & den 1. Januar.

Luxembourg Science Center
1, rue John Ernest Dolibois, L-4573 Differdange
Tel.: 28 83 99 1
reception@science-center.lu

Entdeckt de Science Center

Infoe, Tickets & mesures sanitaires:
www.science-center.lu

Showprogramm:
www.science-center.lu/fr/shows

Facebook:
www.facebook.com/LuScienceCenter