Dat Onméiglecht méiglech maachen 

D'Wonschkutsch wënscht vill Gléck am neie Joer 

Virun e puer Joer haten e puer Idealisten d´Iddi eng Wonschambulanz zu Lëtzebuerg ze grënnen. Wonschambulanzen sinn et scho laang Joren virdrun am Ausland ginn. De Prinzip ass deen hei: Ee Mënsch, deen eng onheelbar Krankheet huet, huet nach ee leschte Wonsch.Hei ee Beispill: Eng Damm geet all Dënschdeg mëttes mat hire Frëndinnen an d´Patisserie Kaffi drénken. Elo huet déi Damm eng onheelbar Krankheet a läit an der Klinik. Si kritt vun den Doktere gesot dass si ni méi kann Heem goen a wäert an deenen nächste Woche stierwen. All Dënschdeg Mëtteg läit si an hirer Kummer an ass traureg. Ze vill gär géing si nach emol mat hire Frëndinnen an d´Patisserie ee gutt Stéck Kuch iessen, nach eemol eng Taass Kaffi drénke goen. Awer wéi soll si dohi kommen? Si packt de Wee net. Si hänkt um Sauerstoff. Eng Saach vun der Onméiglechkeet? Oder net? Hei kënnt d'Wonschkutsch an d´Spill: Hier Ekippe fuere mat enger Ambulanz oder engem Rollstullsauto an d´Klinik, lueden déi Damm op a fuere mat hier an d´Patisserie. Bei hier Frëndinnen. Bei de Kaffi an de Kuch. Si huet d'Geleeënheet, ee Mëtteg de Kliniksalldag ze vergiessen. Si ass net méi Patientin mee e Mënsch. Genee dofir gëtt et keng Wonschambulanz, mee eng Wonschkutsch. Matt enger Ambulanz transportéiert een ee Kranken, mat enger Kutsch fiert ee spadséieren. Hei gëtt och net vu Patiente, mee vu Fuergäscht geschwat. Ee Patient ass krank, ee Gaascht gëtt verwinnt. D'Wonschkutsch mécht alles fir dass de Fuergaascht e puer flott Momenter huet.D'Familljen, d'Fleegepersonal aus der Klinik oder de Fuergaascht selwer erzielen oft, dass si duerno opbléien. Dass et hinne besser geet a sief et nëmme fir e puer Stonnen.D'Kutscher, wéi déi aktiv Memberen genannt ginn, sinn all fräiwëlleg dobäi. Fir Kutscher ze ginn, muss ee net onbedéngt aus engem Gesondheetsberuff kommen. Et brauch een eigentlech just e puer Saachen: ee grousst Häerz, ë bëssi Disponibilitéit an de Wëllen, ë puer Stonnen Formatioun ze maachen. Natierlech ginn et och Dokteren a paramedezinescht Personal an hire Reien.Dëst Joer ass dann och den éischte Wonsch erfëllt ginn, wou de Fuergaascht vun zwee Infirmiers-Anesthésisten begleet ginn ass. Matt ë bëssi gudde Wëllen a vill Organisatioun ass villes méiglech. Aner Wënsch waren: Ee Mëtteg op der Marie-Astrid, nach eemol Heem an den eegene Blummegaart oder d´Elteren, déi wäit ewech wunnen, bei der Daf vum Kand derbäi ze hunn.Dëst waren nëmmen e puer Beispiller. Et sief nach ze bemierken, dass, fir déi Faarten, déi aus enger Klinik oder engem Hospice gemaach ginn, de behandelnden Dokter säin Accord muss ginn.Trotz der Pandemie versicht d'Wonschkutsch all Wonsch ze erfëllen. Si bieden awer ëm Versteesdemech, wann et wéinst dem Covid-19 net méiglech ass. Et ginn iwwregens nach fräiwëlleg Kutscher gesicht. Sollt Dir Loscht hunn mat ze maachen ,da mellt Iech.De Verwaltungsrot vun der Wonschkutsch asbl esou wéi all Memberen wënschen Iech all ee glécklecht neit Joer 2022!

Wueltätegkeet 

Wonschkutsch asbl
5, rue de la Gare, L-7448 Lintgen
Tel.: 621733677
sekretariat@wonschkutsch.lu
www.wonschkutsch.lu