Advertorial

Sport & Gesondheet

Freelander’s: De Fitness-Spezialist am Grand-Duché

Mat enger Erfarung vu méi ewéi 30 Joer am Sport a Fitness, erfannen sech déi lëtzebuergesch Freelander’s Sports-Butteker ëmmer erëm gären nei, fir Iech kontinuéierlech déi neist Fitnessgeräter an Ekipementer ubidden ze kënnen.Zu Miersch, um Mierscherbierg, fir genau ze sinn, huet de Freelander‘s Fitness Kompetenz Center 2013 seng Dieren opgemaach. Op méi ewéi 2 000m2 , kënnt Dir tëscht 250 Produite wielen an Iech op Ärem Wonschmodell ausprobéieren. Dëst ass dee gréisste Fitness-Showroom an der Groussregioun.

Fitness-Ekipement

Success Story

Den Erfolleg vun enger passionéierter Aarbecht mat kompetenten an erfuerene Mataarbechter an alle Beräicher gëtt ënnerstrach vum Vertraue vu senge Client’en, deen de lëtze buergesche Familljebetrib zënterhier genéisst.

Exklusiv Marken, wéi WaterRower an NOHrD, déi eenzegaarteg handgemaache Fitnessgeräter aus Holz, mat aussergewéinlechem Design an Effizienz produzéieren, maachen hei den Ënnerscheed.
   

Sport & Gesondheet-2


Neie Pop-up Store


Schonn 20 Joer ass et hier, dass sech Freelander’s an der Belle Etoile néiergelooss huet. Fir dës Occasioun ze feieren, ass kierzlech e Fitness-Pop-up Store opgaangen. Installéiert um Rezde-chaussée vun der Galerie, vis-à-vis vum Junior-Buttik, fannt Dir elo op enger Fläch vun iwwer 200 m2 eng Selektioun vu Geräter vun de Marke WaterRower, NOHrD, Bowflex, Life Fitness an Horizon Fitness.

Premium-Service

Erfuere Beroder, Online-Verkaf, Liwwerung a Service Après-Vente si fest Bestanddeeler vun der Freelander’s-Philosophie.

Fitnessgeräter, Yoga, Pilates, Gym, Boxing oder Running, de Choix ass grouss, ofwiesslungsräich a qualitativ héichwäerteg. Wann Dir Iech net bis an e Geschäft deplacéiere wëllt, sinn all d’Produiten och ënner www.sport24.lu ze fannen.
   

Wou dir Freelander’s fannt:
- Freelander’s Sportsfashion an der Belle Etoile
- Freelander’s Fitness Kompetenz Center zu Miersch
- An online ënner: www.sport24.lu

Freelander's
www.freelanders.lu
www.sport24.lu