Advertorial

Wéi textsécher sidd Dir?

Elo kënnt Dir déi wichtegst Lidder üben

Ob Parad, Te Deum, oder soss eng Festivitéit zum Nationalfeierdag, eppes hu se all gemeinsam: d'Musek! A spéitstens dann, wann déi éischt puer Täkt vun „Onser Heemecht“ ertéinen, geet deem engen oder aneren gären emol d'Héngerhaut aus. Kee Wonner, den Text vum Michel Lentz ass e richtege Luewgesang un eist Ländchen.Mee och de Wilhelmus, déi Groussherzoglech Hymne, déi ëmmer da gespillt gëtt, wann e Member vun der Groussherzoglecher Famill bei enger Zeremonie ukënnt, oder se verléisst, dierf natierlech net ausser Uecht gelooss ginn.D'Lidd rifft d'Haus Lëtzebuerg op, „Hand an Hand“ mat hirem Vollek ze stoen – nëmmen esou kann e staarkt an onofhängegt Land ervirgoen. nb

Wéi textsécher sidd Dir?-2

Ons Heemecht

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
Duerch d'Fielsen d'Sauer brëcht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
Den Himmel Wäin ons mëcht.
Dat as onst Land, fir dat mir géif,
Heinidden alles won.
Ons Heemechtsland, dat mir sou déif
An onsen Hierzer dron.
Ons Heemechtsland, dat mir sou déif
An onsen Hierzer dron.

O Du do uewen, deem séng Hand
Duurch d'Welt d'Natioune leet.
Behitt Du d'Lëtzebuerger Land
Vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schon
de fräie Geescht jo gin.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn
déi mir sou laang gesin.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn
déi mir sou laang gesin.

De Wilhelmus

Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaaner, wäit an déif.
Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
hu gebaangt, op d'Gléck nach bléie géif.

Haut weisen si der ganzer Welt an engem Feld
d'Goldlilie mat dem roude Krouneléif.

Haut steet ëm si voll Freed, Hand an Hand,
d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.