Advertorial

Publi-Reportage - Haupeschmaart Munzen

De Munzer Haupeschmaart ass e Stéck Lëtzebuerger Traditioun. Vum lokale Konschthandwierk bis bei regional kulinaresch Spezialitéite bestécht dëse charmante Maart, deen säin Ursprong am 17. Joerhonnert huet, mat enger grousser Variatioun un qualitativ héichwäertege Produiten. Den Haupesch-Week-end, deen nieft dem bekannte Maart och dat traditionellt „Träipeniessen” an en Bal virgesäit, iwwerzeegt souwuel Residenten ewéi Touriste mat senger geselleger Ambiance a garantéiert en authentescht Erliefnis. Et ass deemno wichteg esou attraktiv a beléiften Traditiounen ewéi den Haupeschmaart oprecht ze erhalen an eisen historesche Patrimoine op dës Manéier ze schützen.

Publi-Reportage - Haupeschmaart Munzen-2
Publi-Reportage - Haupeschmaart Munzen-3

Nodeems d’Covid-19-Pandemie et d’lescht Joer leider net méiglech gemaach huet den Haupeschtmaart ze organiséieren, sinn ech besonnesch frou, datt dësen traditionelle Rendez-vous dëst Joer nees ka stattfannen. Déi 32. Editioun vum Munzer Haupeschmaart ass nämlech och eng interessant Méiglechkeet fir Residenten, Grenzgänger an Touristen de Norde vum Land ze entdecken. Eng ganz Rei u Wander- a Vëlosweeër bidden d’Occasioun déi intakt Natur an déi impressionnant Landschafte vum Éislek ze erliewen.

Ech felicitéieren dem Tourist Center Clervaux fir d’Organisatioun vum Haupeschmaart an natierlech soen ech och all deene Merci, déi mat vill Asaz an Häerzblutt un der 32. Editioun matgeschafft hunn.

Lex Delles
Minister fir Tourismus