Galaconcert 2020 vun der Bouneweger Fanfare

Zesumme mam Solist Brett Baker (UK) op der Trombonn

Copyrigt: DAB Industri

Esou, wéi d’Traditioun et wëllt, invitéiert d’Bouneweger Musek Iech ganz häerzlech op de Galaconcert 2020, e Samschdeg, den 1. Februar, um 20 Auer, am Stater Conservatoire. Mir hunn dëst Joer erëm déi grouss Éier a Freed, den englesche Solist op der Trombonn a Frënd vun der Bouneweger Musek, de Brett Baker, bei eis ze begréissen. Den Dirigent Romain Kerschen huet wéi all Joer en ofwiesslungsräiche musikalesche Programm op d’Bee gestallt a mat de Bouneweger Musikanten a-geprouft.

Léif Frënn vun der Bouneweger Musek,

Nieft de véier Optrëtter vum Solist Brett Baker, zesumme mat der Bouneweger Musek, sinn et awer zwee Stécker, déi mir op dëser Plaz méi speziell wëllen ervirhiewen.
  

„Bellum et Pax“, dat éischt Stéck vum Concert, gouf 2009 vum belsche Komponist Stijn Roels geschriwwen a beschreift d’Begrëffer „Krich“ a „Fridden“. Véier Deeler weisen déi verschidde Facettë vu Krich a Fridden, mat mol ganz däischteren an awer och mol ganz melodeschen Passagen. Fir dëst Wierk krut de jonke Stijn Roels den drëtte Präis beim Kompositiounsconcours „De Muziekgolf“ zu Antwerpen.
   

Galaconcert 2020 vun der Bouneweger Fanfare-2
Den Dirigent Romain Kerschen

Concours ass e gutt Stéchwuert, fir kuerz op en anert Wierk anzegoen, wat d’Bouneweger Musek um Galaconcert 2020 spillt.
  

„Via ad Veniam“ ass de Morceau imposé vum ONFK Fanfare Contest 2020 zu Drachten an Holland. Dëse Concours a véier Divisiounen ass all Joer, an et si just reng Fanfare-Orchesteren zougelooss. D’Bouneweger Musek huet sech fir dëse Concours ugemellt, dat als Preparatioun op d’Weltmeeschterschaft (WMC) zu Kerkrade am Summer 2021.
   

De Komponist Eduard de Boer, och nach bekannt ënnert dem Pseudonym Alexander Comitas, krut den Opdrag fir den Imposé vun der 1. Divisioun, an erauskomm ass: „Via ad Veniam“. De Komponist selwer gesäit dëst Stéck als Suite vu sengem Wierk „Via Aeterna Variations“, wat hien 2012 fir Brass Band geschriwwen hat. „Via ad Veniam“ oder och nach „The Road to Forgiveness“ besteet aus aacht Deeler a baséiert op zwee mëttelalterleche Melodien aus dem Carmina Burana Codex, Procurans Odium a Stabilitas.
   

Dir gesitt also, léif Frënn vun der Bouneweger Musek, dass d’Musikanten an hiren Dirigent an deene leschte Méint ganz aktiv waren a fläisseg geprouft hunn, fir Iech wéi all Joer en attraktive Gala kënnen ze proposéieren.
   

Billjeeë fir de Gala 2020 kënnt Dir ënner anerëm bei Luxembourg Ticket reservéieren (luxembourgticket.lu, Tel. 47 08 95-1) zum Präis vu 7, 13 oder 17 Euro.
   

Mir wieren immens frou, Iech op eisem Galaconcert 2020 kënnen ze begréissen a freeën eis elo schonn op Äre Besuch.