Fanfare municipale Luxembourg-Bonnevoie

D’Bouneweger Musek presentéiert hiren alljäregen traditionellen Galaconcert am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, de kommenden 1. Februar, ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Romain Kerschen.   

Fanfare municipale Luxembourg-Bonnevoie-2

Wéi all Joer loosse si et sech net entgoen, fir e flotten an ofwiesslungsräiche Programm ze suergen. Och dëst Joer huet d'Bouneweger Musek net laang gezéckt, an huet fir di drëtte Kéier den engleschen Trombonist Brett Baker invitéiert, fir als Solist bei hirem Galaconcert opzetrieden. De Brett Baker ass e Solo-Trombonist vun der bekannter englescher Brass Band „Black Dyke Band“ a wäert hei mat der Bouneweger Musek verschidde Stécker zesummen interpretéieren, dorënner „Song of Joy“ vum Andrew R. Mackereth an „Concerto for Trombone“ vum Launy Grondhal.
   

Nieft dem Solo-Trombonist Brett Baker huet d'Bouneweger Musek nach villes aneres op hirem Galaconcert unzebidden. Ënner anerem wäert d’Musek deen Owend dem Publikum hiert Concours-Stéck fir de Concours zu Drachten an Holland fir d’éischte Kéier ze lauschtere ginn.

Am Numm vun der UGDA felicitéieren ech der Bouneweger Musek fir dëse prestigiéise Programm a soen dem Comité, de Musikanten a Musikantinnen, an all deenen aneren, di eppes zu dësem Veräin bäigedroen hunn, villmools Merci fir hir gutt Aarbecht, déi si iwwert di lescht Jore geleescht hunn. Ech wënschen Iech ganz vill Spaass an Erfolleg fir Äre Galaconcert vun 2020!   

Gilbert Girsch, President vun der UGDA

Fanfare municipale Luxembourg-Bonnevoie-3