Advertorial

D'Wuert vum Buergermeeschter

Den Helpermaart zu Bëschdref ass mëttlerweil ee feste Rendezvous am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Helperknapp ginn.

Eng Traditioun, déi bis haut, all Joer, e groussen Erfolleg huet a vill Leit ob Bëschdref zitt. Päischtsonndeg sinn och dëst Joer erëm vill fläisseg a motivéiert Hänn um Wierk fir datt um Helpermaart jiddereen eppes fënnt wat him schmaacht. Als Buergermeeschter ass et schéin ze gesinn, mat wat fir enger Kontinuitéit a Routine hei d'Veräiner aus der Gemeng Hand an Hand schaffen. Fält mol eng Kéier ee Veräi wech fennt d'Entente och séier een neie Veräin deen d'Lach stoppt.

Päischtsonndeg ass dat kleng Bëschdref, nees de Mëttelpunkt vun engem Maart, iwwert d'Grenzen eraus bekannt ass an ob deen all Helperknapper stolz ass.

All deenen déi hëllefen, dass dësen Dag en Erfolleg ass, an dofir hir Fräizäit hier ginn am Numm vun der Gemeng Helperknapp ee grousse Merci. Ech hoffen, dass des Traditioun nach laang oprecht erhale qëtt.

wënschen ech, De Maartleit dass si schéint Wieder an eng grouss Clientèle kréien an dass mir si och nächst Joer erëm kennen zu Bëschdref empfänken.

Dir leif Leit kommt all Päischt sonndeg ob Bëschdref an iwwerzeegt iech selwer a gitt sou wéi mir all Fan vum Helpermaart.

Elo schonn ee grousse Merci fir äert Kommen.

Frank CONRAD
Buergermeeschter