Brett Baker: Principal Trombone of Black Dyke Band

De Brett Baker, Solotrombone vun der renomméierter Black Dyke Brass Band, ass sécherlech mat ee vun deene bekanntsten Trombonisten an Europa, an doniewent och nach reegelméisseg gefroten Dirigent a Jurysmember.  

Brett Baker: Principal Trombone of Black Dyke Band-2

De Brett, gebuer 1973, huet mat zéng Joer ugefaangen Trombonne ze spillen, an ass kuerz drop Solotrombone an der „National Youth Brass Band of Great Britain“ ginn a gewënnt de „British Open Solo Championship“.
  

Mat 25 Joer hat de Brett Baker schonns sämtlech englesch Tromboneconcoursen gewonnen, a war jorelaang „Trombone Solo Champion of Great Britain“.
  

1992 war de Brett Finalist vum „BBC’s Young Musician of the Year“, ier en 1996 seng éischt CD „Bone Idyll“ mat der Fairey Band an dem Denis Wick opgeholl huet. Bis haut sollt déi Zuel op iwwer 70 Stéck klammen.

Säit 2000 ass de Brett Baker Member vun der wuel berühmteste Brass Band, der Black Dyke Band ënnert der Leedung vum Dr. Nicolas Childs.

Nieft sengen Optrëtter mat der Black Dyke Band, oder als Professer op deene verschiddenste Musekshéichschoulen, fënnt een de Brett Baker awer och reegelméisseg als Solist mat groussen Orchesteren. Him läit ganz vill drun de musikalesche Repertoire fir Trombonne weider auszebauen, esou huet hien bis elo schonns iwwer 100 Stécker bei deene verschiddenste Komponisten an Opdrag ginn.

De Brett Baker interesséiert sech awer och ganz vill fir d’Entwécklung vum Instrument. Esou schafft hie säit iwwer zéng Joer ganz enk mam Instrumentebauer Michael Rath an England zesummen. Nieft der Verbesserung vum Design vun den Instrumenter ginn awer och reegelméisseg nei Mondstécker entworf.

Zu senge rezenten Optrëtter als Solist ziele Concerten an der Royal Albert Hall oder an der Royal Festival Hall zu London, Symphony Hall zu Birmingham oder déi bekannte Bridgewater Hall zu Manchester.