Advertorial

Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?

ACEL meets Politics

De Schengenaccord, deen dëst Joer säi 35. Gebuertsdag feiert, ass d’Thema vun dëser Journée politique, déi den 10. Oktober 2020 an der Maison du Savoir um Belval zu Esch wäert stattfannen.Déi lescht Méint hu gewisen, wéi schnell d’Grenzen och innerhalb vum Schengen-Raum kënnen zougemaach ginn, an zu wat fir Problemer dëst virun allem an de Grenzregioune féiere kann. Vill Studenten aus Lëtzebuerg, déi an engem anere Land studéieren, goufe staark an hirer Mobilitéit ageschränkt a virun eng nei Situatioun gestallt, déi eng grouss Majoritéit vun hinne bis dohin net kannt huet.Och wann et scho virun der Covid-19-Pandemie vill Problemer innerhalb dem Schengen-Raum gi sinn, sou huet dës sanitär Kris op en Neits gewisen, dass nach vill verbessert muss ginn.Krut Schengen déi lescht Méint seng Grenzen opgewisen? Dat ass d’Fro, ëm déi sech d’Journée politique den 10. Oktober 2020 um Belval dréine wäert.

Studentevertriedung

Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?-2

D'Invitéë sinn den Här Minister Claude Meisch, den Här Nicolas Schmit, den Här Charel Goerens, d’Madamm Viviane Reding, d’Madamm Karin Basenach an den Här Sven Bettendorf.

Wéinst de sanitäre Mesuren ass et obligatoresch, sech fir dësen Event unzemellen.

Infoen zum Event: www.acel.lu/journee-politique

ACEL – de Studentevertrieder
Weider Informatiounen: contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg

Programm vun der Journée politique:

- Accueil
- Begréissung duerch den Här Sven Bettendorf
President vun der ACEL
- Virtrag vum Här Minister Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
Minister fir Héichschoul a Fuerschung
- Paus
- Table ronde
30 Joer Schengen: ass alles perfekt?
Problemer vun de Studenten an engem vereenegten Europa.
Karin Basenach
Viviane Reding
Sven Bettendorf
Nicolas Schmit
Charel Goerens