Student fir een Dag

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

Du bass SchülerIn op enger 1ère oder 2ème a wëlls studéiere goen? Du weess awer nach net wou a wat? Da mell dech un fir de „Student fir 1 Dag“, deen d’Acel tëschent dem 2. an dem 15. Abrëll, a Collaboratioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu an de Lëtzebuerger Studentecerclen, organiséiert. Lëtzebuerger Studenten, déi fir de Moment do liewen a studéieren, stinn dir e ganzen Dag laang mat Rot an Dot zur Säit a kënnen dir all méiglech Froe ronderëm d’Studéiere beäntwerten.Dëst Joer hues du d’Méiglechkeet, 22 verschidden Universitéitsstied a siwe verschidde Länner kennen ze léieren. D’Acel organiséiert den Transport an 18 verschidde Stied. Bei de Stied Amsterdam, Fribourg (CH), Innsbruck an Zürech muss den Transport op eegen Initiativ organiséiert ginn. Trotzdem gëtt de „Student fir 1 Dag“ och an dëse Stied a Form vun engem interessanten Dagesprogramm op der Plaz ugebueden.Bei de Stied, déi mam Bus a mam Fliger ugefuer ginn*, gesäit de Programm folgendermoossen aus. Beim Transport mam Bus ass den Depart um Park & Ride Bouillon oder zu Ettelbréck um Parking Däichhal. Fir den Transport mam Fliger ass den Treffpunkt um Findel.An der Stad ukomm, stinn Visitte vum Campus, der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vun der Uni oder Héichschoul um Programm.

Studium

Duerno gëtt sech an der Kantin oder an engem Restaurant fir de weidere Verlaf gestäerkt, éier et da mat enger Vi sitt vun der Stad weidergeet. Während dem ganzen Dag huet een d’Méiglechkeet Froen zum Studium, Studenteliewen a Wunnéngsméiglechkeeten ze stellen.

Interesséiert? Da mell dech ënnert sf1d.acel.lu un. Mee denk drun: First come, first served!

*Weider Informatioune wéi eng Stad wéi ugefuer gëtt fënns du ënner www.acel.lu/sf1d.

Acel – De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sf1d
contact@acel.lu

Programm 2022

02.04 Stroossbuerg
04.04 Karlsruhe, Heidelberg
05.04 Köln, Bonn, München
06.04 Fribourg (CH)
07.04 Kaiserslautern, Wien
08.04 Freiburg, Belval (uni.lu)
09.04 Amsterdam
11.04 Bréissel, Innsbruck
12.04 Oochen, Nanzeg
13.04 Tréier, Zürech
14.04 Saarbrécken, Berlin
15.04 Léck, Maastricht