Advertorial

"Student fir 1 Dag 2023"

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

D'Acel bitt dëst Joer erëm a Kooperatioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, Uni.lu a senge Membercerclen de ,,Student fir 1 Dag" an 23 verschidde Studentestied un. Dëse Projet ënnerstëtzt d'Schüler bei der wichteger Entscheedung, wat si nom Lycées-Ofschloss solle studéieren an a wéi eng Studentestad si dofir kënne goen.

Beim ,,Student fir 1 Dag" hunn d'Schüler d'Méiglechkeet an der Ouschtervakanz, tëschent dem 1. an dem 14. Abrëll, een ganzen Dag an enger Studentestad ze verbréngen an esou hier en éischten Abléck an d'Studenteliewen ze kréien.

De Programm op der Plaz gesäit folgendermoossen aus: Den Dag fänkt un mat der Visitt vun der Universitéiten an deene wichtegste Gebaier um Campus, wéi d'Bibliothéik, verschidden Hörsall an administrativ Gebaier.

D'Visitte gi mat engem Mëttegiessen ofgeronnt, éier et da Mettes mat enger Stadtbesichtegung weider geet. De ganzen Dag iwwer stinn d'Lëtzebuerger Studenten de Schüler zur Sait. Dëst erméiglecht de Schüler all hier Froen ze stellen an esou eng Äntwert aus éischter Hand ze kréien. De ,,Student fir 1 Dag" bitt de Schüler also eng eemoleg Geleeënheet, d'Studentestied op eng aner Aart a Weis kennen ze léieren an hinnen esou hier Entscheedung em zukünfteg Studien ze erliichteren. Umelle kann een sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënnert: www.acel.lu/sfld (Wann der mat der Luxair flitt musst dir iech bis zu aacht Deeg virum Depart ugemellt hunn).

Programm 2023

D'Schüler hunn dëst Joer de Choix tëschent 23 Stied: 
01.04 Stroossbuerg a Fribourg (CH)
03.04 Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck
04.04 Bonn
05.04 Nanzeg, Zürech a Wien
06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)
11.04 Léck, Maastricht a Tréier
12.04 Oochen a Berlin
13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München


Acel - De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sfld
contact@acel.lu