Advertorial

"Student fir 1 Dag 2023"

Mam Bus, Fliger oder op Eegeninitiativ op de "Student fir 1 Dag"

Advertorial

Dëst Joer fënnt de ,,Student fir 1 Dag" nees an deene verschiddene Studentestied statt. Beim ,,Student fir 1 Dag" hunn d'Schüler d'Méiglechkeet an der Ouschtervakanz, vum 1. bis de 14. Abrëll, verschidde Studentestied a Form vun Dagesreese kennen ze léieren.

Dëst Joer gëtt dat Ganzt a Kooperatioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu a mat de Memberercercle vun der Acel Stied organian 23 verschiddene séiert.

Wann een sech fir eng Studentestad entscheet déi mam Bus ugefuer gëtt, kann een entweder zu Ettelbréck bei der Däichhal era klammen oder um P&R Bouillon an der Stad. Soubal een an der Stad ukomm ass gëtt ee vum Studentecercle aus der jeeweileger Stad empfaangen an déi fänke mat hirem Programm, déi een sech all op www.acel.lu/sfld kann am Detail ukucken, un.

Programm 2023

01.04 Stroossbuerg & Fribourg (CH)*
03.04 Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck*
04.04 Bonn
05.04 Nanzeg, Zürech a Wien**
06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)
11.04 Léck, Maastricht a Tréier
12.04 Oochen a Berlin **
13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München**

*Hei muss den Transport op eegen Initiativ a Käschten organiséiert ginn. Wéi's du am einfachsten dohinner kënns, fenns du ënner www.sfld.acel.lu .
** Fliger (Hei huet een och d'Optioun, op eegen Initiativ unzereesen).

Dëst Joer geet et och erëm mam Fliger an dräi Studentestied. Beim Fliger ass de Prinzip d'selwecht wéi mam Bus. Moies fréi ass den Treffpunkt um Findel, wou een vun der Acel op jidderee waartier et bei de Fliger geet. An der Stad ukomm waart do och de Studentecercle aus der jeeweileger Stad déi da mat hirem Programm ufänken. Mam Fliger kann een op Berlin, München a Wien.

Wann een sech fir den Transport op Eegeninitiativ entscheet huet, kann een seng Rees fir dohinner an nees zeréck ganz autonom organiséieren. Dëst léisst engem d'Fräiheet vun der Dauer an dem Transportmëttel. Dat eenzegt wat do wichteg ass, ass dat dir d'Auerzäit an d'Platz vum Start vum ,,Student fir 1 Dag" respektéiert. D'Stied mat Eegeninitiativ si Fribourg an Innsbruck. Ausserdeem bei Berlin, München a Wien, di Stied di mam Fliger ugeflu ginn, huet een och d'Méiglechkeet fir op Eegeninitiativ un ze reesen. Umelle kann een sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënnert www.acel.lu/sfld (Wann der mat der Luxair flitt musst dir iech bis zu aacht Schaffdeeg virum Depart ugemellt hunn).

Acel - De Studentevertrieder 
www.acel.lu/sfld
contact@acel.lu