Advertorial

"Student fir 1 Dag 2023"

Mat der ACEL deng zukünfteg Uni kenneléieren!

Du bass Schüler an du wëlls nom Lycée studéiere goen, mee du weess awer nach net wou a wat genau op dech zou kënnt? Da komm mat op de ,,Student fir 1 Dag", deen d'ACEL dëst Joer an Zesummenaarbecht mat senge Cerclen, Voyages Emile Weber, Luxair an der Uni.lu organiséiert, a looss dir deng zukünfteg Studentestad an Uni weisen.

De Projet ,,Student fir 1 Dag' fënnt dëst Joer nees traditionell an der Ouschtervakanz, tëschent dem 1. an dem 14. Abrëll statt. Et gëtt de Schüler d'Méiglechkeet, mam Bus oder mam Fliger an eng vun 23 Studentestied, déi dëst Joer um Programm stinn, ze fueren. D'Schüler kënne sech vun de Lëtzebuerger Studenten all hir Froe bezüglech de verschiddene Studiegäng, der Wunnengssich an dem Studenteliewe beäntwerte loossen. Moies steet d'Visitt vun den Unisgebaier, vun der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vun de Campussen um Programm.

Nodeems sech mat engem Mëttegiesse gestäerkt gouf, geet et weider mat engem Tour duerch d'Stad, fir des besser kennenzeléieren, éier et dann nees zeréck op Lëtzebuerg geet. De ganzen Dag iwwer stinn d'Lëtzebuerger Studenten de Schüler zur Verfügung, fir op all hir Froen ze äntweren an hir perséinlech Erfarunge mat de Schüler ze deelen.

Wann's du Loscht hues, dir deng zukünfteg Studentestad vu Studente weisen ze loossen, da kanns du dech bis zu zwee Schaffdeeg* virun der Rees um Internetsite vun der Acel umellen: www.acel.lu/sfld

*Dëst gëllt nëmme fir d'Busreesen an d'Reesen op Eegeninitiativ. Bei de Fluchreese kann een sech bis zu aacht Deeg am Viraus umellen.

Programm 2023

01.04 Stroossbuerg a Fribourg (CH)**
03.04 Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck**
04.04 Bonn 05.04 Nanzeg, Zürech a Wien
06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)
11.04 Léck, Maastricht an Tréier
12.04 Oochen a Berlin
13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München

**Hei muss den Transport op eegen Initiativ a Käschten organiséiert ginn. Wéi's du am einfachsten dohinner kënns, fënns du an de Programmer vun de jeeweilege Cerclen ënner www.sfld.acel.lu


Acel -
De Studentevertrieder Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sfld
contact@acel.lu