Coplaning ënnerstëtzt Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Firma Coplaning vun Jonglënster huet wärend dem Confinement d'Kanner an Familljen vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner net vergiess. Fir Ouschteren hunn si et sech net huele gelooss, de Kanner déi zu Bréissel an der Klinik sinn Ouschtereeër ze schenken.Wou si hiren Showroom an intern Kantin hunn missen zoumaachen, ass Coplaning hirer Linn trei bliwwen fir sech sozial ze engagéieren. Coplaning huet dunn fir d'Leit aus der Gemeng an Ëmgéigend een Dagesmenü offréiert déi si an gliesen Behälteren ausgeliwwert hunn. D'Leit déi vun dem Service profitéiert hunn, konnte de Menü bezuelen an Form vun engem Don un Fondatioun Kriibskrank Kanner wou esou 840 Euro zesumme komm sinn. D'Firma Coplaning huet virun Kuerzem an hirem Showroom der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee ganz generéisen Scheck an Héischt vun 10 000 Euro iwwerreecht. CP