Event
Fir gutt Stëmmung wärend dem Owend suergen den DJ Dasic an den DJ Nosi. Och fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Wéi gewinnt kritt dir Gegrills a Fritte vun de Student:innen zerwéiert a 29 verschidde Student: innecerclë bidde 29 verschidde special Drinks un. Sou ass fir all Goût eppes dobäi. Happy hour ass vun 20:00 bis 22:00 Auer.
Den Owend selwer fuere Latenight Busser uechtert d’Land a bréngen Iech sécher heem. D’Pläng vun den Navettë fannt Dir e puer Deeg am viraus op: latenightbus.lu.
Virverkaf
Nei dëst Joer, ass datt Dir d’Ticketen nëmmen nach am Virverkaf op der Internetsäit vun der Acel ënner: Acel.lu/ticket ze kafe kritt. Dat heescht den Owend selwer gëtt et keng Oweskeess! Ausserdeem sinn d’Plaze wéinst der Pandemie begrenzt. Dowéinst maacht Iech bäi, first come, first served. De Virverkaf start den 21. August 2021 a kascht 12 Euro. D’Entrée ass ab 18 Joer.
Covid-Check-Event
Fir eise Visiteuren eng maximal Sécherheet ze bidden, fënnt de Studentebal als Covid-Check-Event statt. All d’Gäscht si verflicht geimpft, genesen oder getest op de Bal ze kommen. Mir bidde keng Schnelltester sur Place un! Soubal Dir um Site selwer sidd, kenn Dir ouni Mask fräi ronderëm lafen.
De Studentebal – 24. September 2021
Op der Wiss beim P&R Bouillon
Ticketen: Cerclen & www.acel.lu/ticket