Advertorial

De Studentebal 2023

E Freideg, den 14. Juli fënnt déi 22. Editioun vum De Studentebal statt

D'Acel organiséiert erëm zesumme mat hire Studentencerclen ee grousst Open Air Event, wou dir bei 31 vun Cercle kennt verschidde Special Drinks schmaachen. Vu Cocktailen iwwer Longdrinks a Shotte bis hin zum normale Béier ass hei wierklech fir jiddereen eppes dobäi (natierlech och onalkoholescht Gedrénks), a falls een tëschenduerch sollt Honger kréien, versuergt iech e Grillstand.

De Studentebal fennt op der Wiss nieft dem P&R Bouillon statt. Gestart gëtt vun 20h bis 22h mat enger Happy Hour. Fir déi richteg Stëmmung suerge bis spéit an d'Nuecht d'DJen, DJFleex & Deys an DJBisi.

Sollt d'Wieder deen Dag net sou gutt sinn, maacht iech näischt draus, mat den Navettë kommt dir dréche bis op de Site, wou dir an engem groussen Zelt vun all Wieder onofhängeg mat äre Kolleege feiere kënnt. Déi selwecht Navettë fueren och an der Nuecht ab 03h00 erëm duerch d'Land fir iech sécher heem ze bréngen. De genaue Plang fannt dir op latenightbus.lu.

Virverkafstickete kënnt dir bei de Cercle kafen, dëst geet einfach andeems dir si uschreift. Wann dir keng Méiglechkeet hutt, e Virverkafsticket ze kafen, ass dëst kee Problem. Dir kritt de ganzen Owend nach Ticketen an der Oweskeess. D'Entrée ass eréischt mat 18 Joer erlaabt.

Als Organisateure vum „De Studentebal“ ass sech d'Acel bewosst, wéi grouss den Impakt vun esou engem Event op eis Ëmwelt ass an huet dowéinst déi néideg Moossname getraff, de Bal méi emweltfrëndlech ze maachen an ass dofir mam Label Green Events ausgezeechent ginn.

D'Acel hofft, deen een oder anere kënnen um Studentebal erëm ze gesinn an e puer flott Stonne matenee kënnen ze verbréngen.

Acel - De Studentebal 2023

14. Juli 2023 | P&R Bouillon
Tickets: 10 Euro (Oweskeess 13 Euro)