Advertorial

Am Déngscht vum Student

35 Joer vun der ACEL

Säit hirer Kreatioun op der REEL 1984, steet d’Association des cercles d’étudiants (ACEL) fir d’Rechter vun de Studenten an. 2019 war duerfir e wichtegt Joer fir d’ACEL: de 35. Gebuertsdag stoung un!   

D‘35 Joer vun der ACEL goufen den 9. November am Centre culturel Schéiss um Belair zelebréiert. Fir dëse feierlechen Owend ass an Zesummenaarbecht mat der Amicale (aACEL) e Programm opgestallt ginn, deen déi lescht 35 Joer sollt Revue passéiere loossen.

Dëse Programm, dee wichteg Sujeten, déi d’ACEL an de leschte Jore begleet huet, resuméiere sollt, gouf dann och vu fréieren an aktuellen Héichschoulministeren a Presidente vun der Associatioun kommentéiert. Ugefaangen huet dat Ganzt mam Gesetz zur Schafung vun der Uni Lëtzebuerg, fir dann iwwer d’Reforme vun der Studiebäihëllef bis bei déi generell Relatiounen tëscht der ACEL an dem Héichschoulministère unzekommen. All dës Projete goufen dann och vun den deemolege Ministere Revue passéiere gelooss an déi eng oder aner Anekdot aus dëser Zäit zum Beschte ginn.
   

No dem offiziellen Deel vum Programm konnten aktuell a fréier Studente sech mat den Invitéën austauschen. Dësen Austausch gouf begleet vun engem Buffet mat traditionell lëtzebuergesche Platen ewéi Kniddelen oder Bouneschlupp. Musikalesch gouf de ganzen Owend vu lëtzebuergesche Lidder ënnermoolt: esou ass bis spéit an d’Nuecht gedanzt a gefeiert ginn. Op dësem Wee wëll d’ACEL allen deemolegen an heitegen Héichschoulministere Merci soen, déi sech Zäit geholl hunn, fir iwwer hir Erfarungen ze erzielen an e flotten Owend mat de Studenten ze verbréngen. E grousse Merci geet dann och un d‘Amicale an un all déi Leit, déi sech säit 35 Joer an hirer Fräizäit fir d’ACEL an d’Studenten engagéieren.
   

ACEL – de Studentevertrieder

Fir weider Informatiounen:

contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg