Advertorial

Virtuelle Student fir een Dag

Gestalt deng Zukunft mat der Acel

Du bass zum Schluss vun denger Lycéeszäit ukomm an du frees dech, wou's du dono studéiere goe solls? Du wëlls Informatiounen zu verschiddene Studentestied a wëlls wësse, wat zum Studenteliewen dozou gehéiert?Da mell dech beim virtuelle Student fir een Dag un!Virtuelle Student fir een Dag: Wat, wou, wéini?Nieft dem Student fir een Dag an der Ouschtervakanz organiséiert d'Acel zesumme mat verschiddene Cerclen och e virtuelle Student fir een Dag, fir dass du d’Chance hues, Studentestied, déi méi wäit vu Lëtzebuerg fort leien, kennen ze léieren.Wärend der Fuesvakanz, vum 19. bis den 21. Februar, hues du d’Méiglechkeet, fënnef verschidde Studentestied ze entdecken. Wéi den Numm et scho verréit, fënnt dës ënnert der Form vun enger online Videokonferenz statt.

Studium

Virtuelle Student fir een Dag-2

Wéi leeft dat Ganzt elo of?

Wärenddeem's du bequem Doheem sëtze kanns, stellen déi jeeweileg Studentenassociatiounen dir ronn zwou Stonne laang hir Studentestad, d’Unien an d’Studenteliewe vir. Du kriss hei net nëmme vill Informatiounen, déi dir bei der Auswiel vun denger Studentestad an dengem Studium kënnen nëtzlech sinn, mee du kanns och direkt all deng Froen un Lëtzebuerger Studente stellen!

Ech wëll dobäi sinn. Wat muss ech maachen?

Fir dass déi verschidde Studentenassociatiounen sech beschtméiglech op deng Froe preparéiere kënnen, ass et néideg, dass du dech bei umells. Fir dech unzemellen, muss du just de Formular um Internetsite acel.lu/umeldung-vsf1d ausfëllen. Umelle kanns du dech bis zu zwou Stonne virun all Videokonferenz. D'Acel réit dir allerdéngs, dech esou fréi wéi méiglech unzemellen. Esou kënnen d‘Studentenassociatiounen sech besser virbereede fir och op all d‘Studiegäng, fir déi's du dech interesséiers, agoen ze kënnen.

Dat ganzt fënnt iwwert d’Plattform Zoom statt an du kriss no der Umeldung de Link fir dës Konferenz geschéckt. De virtuelle Student fir een Dag ass fir dech natierlech komplett gratis!

Acel – de Studentevertrieder
contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg

Programm 2021

19.2 – 10:00 Lausanne
19.2 – 16:00 Aberdeen
20.2 – 10:00 Rotterdam
20.2 – 16:00 Groussbritannien
21.2 – 14:00 Oxford, Ohio