Changer d'édition

Wormer d’Rieslingsgemeen invitéiert!

 

Et sinn ewell 21 Joer, datt mir eis den 3. Weekend am September am Kalenner usträichen, well dann ass dräi Deeg laang Riesling Open an eise 5 Wënzerdierfer Éinen, Wormer, Wormerberreg, Ohn a Meechtem, wou sech alles ëm de Riesling an eis Rieslingskinnigin dréit. Eng léifgewonnen Traditioun déi iech et erlaabt an den oppene Kelleren, Wäistuffen a Wäigäert eng ëmfangräich Auswiel un Top-Wäiner ze schmaachen.Nodeems d’LARA e wonnerbaren Job geleescht huet, geet eist Fest um Freidegowend un mat der Kréinung vun der neier Rieslingskinnigin CÉLINE. Niewent deenen handverliesene Gäscht déi d’Gemeen an de grousse Festsall op Wormer aluet, hu fir déi zweet Kéier och aner Visiteuren d’Chance bei eiser Riesling-Wäiprouf, déi sech iwwert den Owend zitt, matzemaachen.

Wormer d’Rieslingsgemeen invitéiert!-2

Obwuel mer dës Joer matzen an der Drauwelies sinn, hunn eis renomméiert Wënzerbetriber sech och dës Joer nees gutt druginn, datt dir samschdes a sonndes zwee ausgeloossener Deeg an der Rieslingsgemeen kënnt erliewen. Fir eis Wäindrénker an hongreg Visiteure si flott Programmer a Menüen op d’Been gestallt ginn. A villäicht kënne se eis jo scho verrode wéi deen neie Wäi gëtt.

Bus a Schëff maache sonndes d‘Navette, fir datt de Riesling Open ee bequeemt Erliefnis fir déi ganz Famill ass.

Kommt op d’Musel duerch eis gefëllte Gaasse flanéieren, bei eis 16 Betriber schmaachen a mat Leit poteren déi e kënnt oder eréischt kenneléiert. Dat geet och ganz gutt, well eise Riesling mécht äerdeg a gespréicheg.

Mathis AST
Buergermeeschter vun der Rieslingsgemeen

Programme

• Intronisation de la Reine du Riesling Céline à 20h00 au Centre Culturel à Wormeldange.
• Dégustation publique de Riesling.
• Krönung der Rieslingkönigin Céline um 20 Uhr im Kulturzentrum in Wormeldingen
• Öffentliche Verkostung von Riesling.

Samedi 17 septembre 2022

• Porte ouverte avec dégustation et vente de vins dans les caves des vignerons de la Commune à partir de 15h00.
• Tag der offenen Tür mit Verkostung und Verkauf von Weinen in den Kellereien der lokalen Winzer ab 15 Uhr.

Dimanche 18 septembre 2022

• A partir de 11h00, porte ouverte avec dégustation et vente de vins dans les caves des vignerons de la commune.
• Ab 11 Uhr Weinprogen mit Weinverkauf bei den lokalen Winzern