Changer d'édition

Préface 21. Editioun vum Riesling Open

Foto: Rinnen Carlo

Déi véier Dierfer Wuermer, Éinen, Ohn a Meechtem bidden am Kader vun de „Riesling Open“ eng aussergewéinlech kulinaresch an touristesch Attraktioun.

Residenten an Touristen hunn d‘Geleegenheet de Rieslingwäin ze schmaachen, d’Kréinung vun der Rieslingkinnegin ze erliewen an dobäi eng eemoleg Regioun ze entdecken. Attraktiv Vëlos- a Wanderweeër feieren duerch eng intakt Natur, herrlech Landschaften a charmant Dierfer.

D’„Riesling Open“ sinn e feste Bestanddeel vun der touristescher Offer an der Muselregioun an ënnersträichen dat grousst Potential vum Oenotourismus. D’Regierung huet dat erkannt an d’Promotioun vum Wäintourismus zu enger Prioritéit erkläert.

Aus dësem Grond ass den Oenotourismus en wichtegt Element vun der neier Tourismusstrategie. Heiduerch wäert dat touristescht Potential vun der Muselregioun effizient genotzt an déi touristesch Entwécklung virugedriwwe ginn. Op dës Manéier gi méi Residenten an Touristen ugezunn an doduerch gëtt de nationale Wäibau gestäerkt.

Préface 21. Editioun vum Riesling Open-2
Lex DELLES Minister fir Tourismus Minister fir Mëttelstand
Préface 21. Editioun vum Riesling Open-3

Ech felicitéieren den Organisateure vun de „Riesling Open“ fir hire virbildlechen Asaz an och all deenen anere lokalen Acteuren, déi zu dëser attraktiver Manifestatioun bäidroen. De Visiteure wënschen ech vill Freed op de „Riesling Open“ a luede Residenten ewéi Touristen dozou an, sech d’Zäit ze huelen eis eenzegaarteg Muselregioun ze entdecken.